Wéi komplizéiert sidd dir wierklech? An engem test kënnt der dat iwwert den Internet eraus fannen.

Lauschtert eran

Si mir net alleguer einfach an onkomplizéiert? Déi Meenung hu vill Leit vu sech. Ok, déi eng oder aner Mack kënnt am Alldag dann awer zum Virschäin. Wat iwwregens ganz normal ass, mee komplizéiert sinn ëmmer just déi aner.

Dacks leien d'Leit bei hirer selbstaschätzung komplett falsch. Fuerscher aus dem Fachberäich vun der Psychologie vun der Universitéit Georgia hunn en ''Dofficult Person Test'' entwéckelt.

Mat hëllef vu 35 Froe gëtt statistesch ermëttelt, wéi extrem een e schwierege Mënsch ass. Den Test baséiert op unerkannten Etüden zu de Charakterzich vu schwierege Leit. Dës Froen erlaben allerdéngs nëmmen e klengen Abléck an déi eege Perséinlechkeet.

Op der Homepage vun Individual Differences Research heescht et da ganz kloer, dass den test nëmmen eng éischt Aschätzung ass a keng exakt Beuerteelung liwwert, weder zu der Perséinlechkeet, nach zu der psychescher Gesondheet. Eng endgülteg Bewäertung kann also nëmme vun engem Expert opgestallt ginn.

Den Test ass gratis an op Englesch. Wien also Loscht huet kann dëse gäre maachen a gläichzäiteg sinn um Site nach weider Tester un deenen ee kann deel huelen, zum Beispill wéi een Harry Potter Charakter een ass.

De Link vum Internet Site hu mer och op eldo.lu verlinkt.