An Indien hunn Opium-Bauere momentan ee risege grénge Problem, och wann d'Déier eigentlech guer net esou grouss ass.

Lauschtert eran

E Papagei ass eigentlech a ganz faszinéierend Déier. Verschiddener kënnen esouguer mat eis Schwätzen, och wa mer eis sécher kënne sinn, dass se eigentlech vun deem wat se schwätzen absolut näischt verstinn. Ënnert dem Stréch awer e ganz interessante Vull.

Ma elo ass eppes opgefall, wat nach méi interessant ass. Net un all de Papageie mee op allefalls un enger ganz bestëmmter Zort an zwar dem Halsbandsittich. Mat senger grénge Fiederen an engem Muster ronderëm den Hals wat effektiv wéi en Halsband ausgesäit, ass et e Villchen deen dacks an Afrika an Asie virkënnt. Fir méi genau ze sinn an Indien.

Do ass net nëmmen opgefall, dass déi Vullen do liewen, mee datt verschiddener opiumsüchteg sinn. Baueren zu Madhya Pradesh hunn nämlech gemierkt, dass déi Papageien hinnen hier Opiumplanze friessen an domat futti maachen, fir High ze ginn.

D'Bauere si mëttlerweil schonn esou wäit, dass se hier Felder Dag an Nuecht beschütze fir d'Déieren ze verdreiwen. Eng Method war, dass se iwwert hier Terrainen haart Musek lafe gelooss hunn, an der Hoffnung d'Papageie géinge sech doduerch verscheuche loossen. Ma d'Sucht an de Besoin no Opium ass bei hinnen awer esou héich, dass de Kaméidi si net dovunner ofhält hier Opium Dosis eran ze kréien.

Dat kléngt elo natierlech zimmlech witzeg, ma fir d'Baueren ass dat net esou. Duerch den Halsbandsittich maachen se eng riseg perde, well déi opiumplanze fir medezinesch Zwecker geduecht sinn.