Wéini déi ideal Dageszäit fir Sex ass, ass individuell verschidden an hänkt vum Biorhythmus of. Generell ass di bescht Zäit bei Fraen a Männer verschidden.

Männer hunn am léifste moies Sex, Fraen hunn owes Loscht

Op d’Fro, wéini di bescht Zäit fir Sex wier, hu Männer a Fraen komplett ënnerschiddlech Äntwerte ginn. Eng Enquête vun engem brittesche Sextoy-Produzent bei 2.300 Männer a Fraen huet eraus fonnt, dass Männer moies Sex am léifsten hunn, iwwerdeems Fraen éischter owes Loscht hunn. Dës Ënnerscheeder sinn op männlech a weiblech Hormoner zréck ze féieren. Bei Männer ass d‘Produktioun vum Hormon Testosteron an der Nuecht am héchsten. Fraen dogéint hunn nuets ee méi héijen Melatoningehalt am Blutt: de Schlofhormon mécht éischter midd wéi sexy.

Fir e Kompromëss ze fannen, hu Wëssenschaftler deen ideale Zäitpunkt ausgerechent- wou Männer a Fraen a Form wieren– an dat ass an hiren An kuerz viru 6h. Normalerweis ass een ëm déi Zäit och nach net an Alldagsproblemer verwéckelt, sou dass ee méi onbeschwéiert genéisse kann.

Méi eens si Männer a Frae sech, wat de Wochendag betrëfft: deemno ass Samschdes dee beléiftsten Dag.

Och den Alter spillt eng Roll

Nieft den Ënnerscheeder tëscht de Geschlechter ass awer och den Alter ee relevante Facteur. Fuerscher vun der Uni Oxford hunn eraus fonnt, dass Mënschen an den 20er am beschte mëttes um 15h Sex hunn, well si zu där Zäit am meeschten Energie hunn. Fir Leit iwwer 30 gesäit et scho ganz anescht aus. Gehier, Longen a Muskelen hunn ugefaangen ze alteren, hire Biorhythmus huet sech dowéinst no vir verlagert fir méiglechst vill aus der disponibeler Zäit eraus ze huelen. Fir si ass moies virum Café di beschten Zäit. Fir Leit iwwer 40 gesäit et dann nees anescht aus

Timing ass deemno alles – och wann et ëm di schéinsten Niewesaach vun der Welt geet. Wann een all d’Facteuren déi hei eng Roll spillen, mat abezitt, ass et awer schwiereg ze soen, een idealen Zäitpunkt ze definéieren. Ee Kompromëss léisst sech awer sécher fannen.