© EldoRadio
Um City Breakfast huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer haut de Bilan vum leschte Joer gezunn.
Sou gouf ënner anerem iwwert d’Pandemie geschwat. Der Stater Buergermeeschtesch no, ass och an der Pandemie d’Populatioun gewuess.
Den Ament huet Stad Lëtzebuerg 124.832 Awunner, dat wieren 2255 méi, am Verglach mam leschte Joer. Dovu sinn 51.58% Männer an 48.24% Fraen, dat ganzt representéiert an 165 Nationalitéiten. An de nächste Woche wäert dës Zuel weider wuessen; den 125.000 wäert da ganz besonnesch begréisst ginn, esou Lydie Polfer.
Dës weidere goufen d’Gebuerte verglach. 2020 sinn et 479 méi Gebuerte gi wéi 2019, am ganze waren et 6033. Bei Hochzäiten huet een dann den Afloss vun der Pandemie gemierkt. 2020 goufen 399 Hochzäiten zelebréiert: 99 manner wéi 2019. Och Zuel vun de Pacsen ass erof gaangen. Iwwerraschenderweis ass d’Zuel vun den Doudesfäll vun 2019 op 2020 gesonk, vun 1635 op 1623.
Ausserdeem gouf decidéiert dass bei Geschäfter an Horesca Etablissementer, wou d’Gemeng Proprietär ass, op de Loyer verzicht gëtt. Ongeféier 30 Butteker, Caféen a Co falen dorënner. Just Restauranten a Caféen déi Take-Out ubidden, musse 50% vum Loyer bezuelen. Säit den neiste Mesuren huet d'Gemeng op 94.000€ Loyer verzicht. An 2020 gouf op 215.000€ Loyer verzicht. 2021 sollen da Restaurant a Caféë keng Steiere fir Terrasse bezuele mussen.