Museker wéi Drake, Offset an Alicia Keys adresséieren sech an engem Video un di nei amerikanesch Regierung. Et geet dobäi ëm de Kampf géint de Rassismus.

Vëlo fueren, lafe goen , a schlofen – dat sinn 3 vun 17 Manéieren, op déi schwaarz Amerikaner a den USA kënnen ëm d’Liewe kommen.  Dat maache Museker wéi Alicia Keys, Mary J. Blige, Khalid an Offset an engem Video däitlech. Et ass ee Message un di nei amerikanesch Regierung, déi dëse Mëttwoch hir Aarbecht opgeholl huet.

17 Museker sinn un dëser Video-Aktioun bedeelegt an erënneren hei un Affer vu Policegewalt a Rassismus - u Leit wéi George Floyd, Breonna Taylor oder Rayshard Brooks, déi zejoert an den USA ëmbruecht goufen.  De Brooks nodeems hien a sengem Auto ageschlof war, d‘Taylor bei engem Policeasaz an hirer Wunneng an dem Floyd säin Doud zejoert am Mee hat jo landeswäit Protester ausgeléist.

De Video schléisst mat enger konkreter Fuerderung un den US-President Joe Biden an d’Vizepresidentin Kamala Harris of. An zwar soll eng Kommissioun ageriicht ginn, mam Ziel strukturelle Rassismus z’eliminéieren.  Des Iddie hat och schonn di demokratesch Parlamentarierin Barbara Lee als Gesetzespropositioun abruecht.

D’United States Commission on Truth, Racial Healing and Transformation soll sech deemno souwuel mam historesche Rassismus, wéi och mat de rassisteschen Inegalitéiten vun haut ausernee setzen.

Viru 4 Joer hätt een 23 Weeër festgehalen op déi ee kéint ëmbruecht ginn, wanns een an Amerika schwaarz ass, seet d’Alicia Keys. Hatt kéint et net gleewen, dass hatt 4 Joer méi spéit zréck ass mat 17 weidere Weeër.