Se kënne ganz vill verschidde Saache maachen eis Smartwatches. Ma se sollen och scho fréizäiteg erkenne kënnen op mer de Coronavirus hunn.

Viru puer Joer waren d'Smartwatches nach eppes aus Science-Fiction Filmer. Et ass eppes wéi ee Mini-Computer deen een um Handgelenk droe kann. An et kann een och eng ganz Partie gesondheetlech Informatioune kréien. Elo hunn direkt e puer Etüde sech domat befaasst, ob d'Smartwatches och villäicht beim Coronavirus hëllefe kéinten.

Eemol hu Fuerscher aus dem Mount-Sinai-Spidol erausfonnt, dass eise Bols een éischten Unhaltspunkt ass fir eng eventuell Corona-Erkrankung ze bemierken. Am Kader vun der "Warrior Watch Study" hate Fuerscher 297 Mataarbechter vum Spidol suivéiert. Dat vun Abrëll bis September.

An dem Kader kruten d'Mataarbechter eemol eng Apple-Watch, an eng speziell Applikatioun déi d'Fuerscher entwéckelt haten. Doropshi gouf dann analyséiert wéi de Bols sech verännert. Wann dëst de Fall war, goufen d'Mataarbechter getest ob se sech mam Covid-19 infizéiert haten. D'Resultat: effektiv konnt ee scho bei liichte Schwankunge vum Bols feststellen, dass d'Persoun sech mam Coronavirus infizéiert hat. An dat scho ronn 7 Deeg, ier d'Tester ee Resultat geliwwert hunn. De Virdeel duerch fréizäiteg Erkennung vun enger Infektioun ass ganz kloer, dass ee potentiell Patiente scho vill éischter konnt isoléieren. An doduerch och Infektiounsketten ënnerbriechen.

Dat selwecht Resultat kruten och Fuerscher vun der Stanford Universitéit. Si hu souguer uginn, dass duerch d'Smartwatches ronn 63% vun de Covid-19 Fäll scho konnt detektéiert ginn. An dat obwuel d'Persoune soss nach keng Symptomer gewisen hunn.

Wann der selwer eng Smartwatch hutt, an doduerch hofft eng Infektioun festzestellen ass et leider nees net esou einfach. Souwuel d'Stanford University, wéi och d'Fuerscher vum Mount-Sinai-Spidol hunn extra fir dës Studien eng eegen App entwéckelt. Standard Apps, déi een einfach esou op den diverse Stores kritt, kënnen nämlech keng esou eng Corona-Warnung erausginn. Hoffnung besteet awer: esou hat den Tim Cook, CEO vun Apple, beim leschte Product-Launch vun Apple och iwwert d'"Warrior Watch Study" geschwat.