Wie mengt mam Numm vu sengem Déier eng innovativ Sensatioun gelant ze hunn, ka sech mol kräfteg ieren.

Lauschtert eran

Et ass dee beschte Frënd vum Mënsch an zwar den Hond. En Déier mat bedéngungsloser Léift zu sengem Meeschter, mat deem een duerch déck an dënn geet. Ma et ginn awer och Leit, déi éischter Frënn vu Kaze sinn. Esou ass et natierlech och ganz normal, dass ee sengem Hausdéier ee méiglech flotten Numm gëtt.

Wann ee sech mol duerch den Internet klickt, fält engem direkt op, dass den Numm Luna bei weiblechen Hënn, scho säit Joren op der éischter Plaz ass. Dorunner huet sech och am Joer 2020 näischt geännert. Ma bei deenen Nimm déi dono kommen huet sech dann allerdéngs awer eppes gedoen.

Op der zweeter Plaz ass nämlech Nala. Bella an Emma rutschen dobäi op d'Plazen 3 a 4. Dat huet jiddefalls mol d'Zielung vun der däitscher Déiereschutzorganisatioun Tasso, ënnert deene 433'600 am Joer 2020 nei am Register ugemellten Hënn, erginn.

Och bei de Ritte gëtt et e Ranking. Wärend sech Balu sech weiderhi mat grousse Virsprong Plaz eent séchert, huet Milo den Numm Buddy no ville Jore vun der zweeter Plaz gedréckt.

Bei 391000 nei registréierte Kazen an Däitschland, ass et dann och den Numm Luna deen op der eent ass. Bei de Kuederen ass et dann de Simba.

Wann der also am Gaang sidd ze iwwerleeën ob der iech en Hond oder eng Kaz sollt uschafen an dobäi e kreativen an innovativen Numm wëllt hunn, da rode mer op Luna, Nala, Bella an Emma, Balu, Milo a Buddy ze verzichten. Bei de Kaze wären et da Simba an och den nees den Numm Luna.