Dëse Freideg quizze mir erëm mam Eldoland a reesen an d'Welt vun de Filmer a Serien! Spillt mat & gewannt Akafsbonge vun der City Concorde!

Den Eldo an d'City Concorde fuerderen iech all leschte Freideg vum Mount op en Neits eraus um

Eldo Quiz Owend

All leschte Freideg am Mount vun 20h00 u relax doheem vun ärer Couche aus!

4 Ronnen - 4 verschidde Kategorien

All Ronn huet seng eege Kategorie mat jeeweils 7 Froen - no all Ronn gëtt 1 Gewënner ermëttelt a kritt en Akafsbong fir an d'City Concorde!

Wéi dir matmaache kënnt?

D'Kany gëtt op Antenne de Start vun all Ronn vum Eldo Quiz - duerno ass d'Ronn fir 15 Minutten online a ka vun iech doheem iwwert de Computer oder Handy matgespillt ginn. Fir d'éischt musst dir är Donnéeën am Formulaire ausfëllen, éiert de Quiz lassgeet. Fir all Fro hutt dir en Zäitlimitt. No 15 Minutte gëtt de Quiz vum Site geholl & d'Kany gëtt déi richteg Äntwerten iwwert de Radio duerch. Hei gëtt och no all Ronn 1 Gewënner ermëttelt an iwwert Radio annoncéiert.

All Ronn gëtt fir sech gezielt & huet um Enn och ee Gewënner! Et kann een also fir all Ronn nei matspillen.
Dir hutt keen Handy oder Laptop bei Hand? Kee Problem - dir kënnt och via Radio matquizzen!

Fair Play

Denkt w.e.g. drun, dass et ëm de Spaass vu jidderengem geet, also spillt fair & loosst all Hëllefsmëttelen op der Säit - Test äert Wësse vun 20h00 bis 22h00 zesumme mam Eldo!

MERCI iech all fir d'Matmaache beim Eldo Quiz Owend!