© Eldoradio
A 5 Minutte soll een op deenen neie Bornen nohaltege Stroum fir 100 Kilometer ze fueren opluede kënnen.
Um 11h00 de Mëttwoch de Moien hunn de Mobilitéitsminister François Bausch, den Energieminister Claude Turmes an de Generaldirekter vun der CREOS, de Marc Reiffers, déi éischt zwou, ëffentlech zougänglech, Schnell-Lued-Statioune fir elektresch Gefierer zu Lëtzebuerg presentéiert. Dat um Parking vun der Universitéit Lëtzebuerg um Kierchbierg.
Viru 4 Joer gouf déi éischt Borne fir elektresch Gefierer opzelueden zu Lëtzebuerg installéiert. Wéi de François Bausch ënnerstrach huet, hätt sech zanterdeem vill gedoen. Esou hu mëttlerweil 100 vun den 102 Gemengen hei am Land op d'mannst eng "Chargy-Borne" op hirem Terrain installéiert.
Lëtzebuerg hätt mat aktuell 456 Bornen eent vun den dichtsten Netzer vu Luetstatiounen an Europa. E Netz, dat och scho gutt genotzt gëtt. Dem François Bausch no, goufen an deene leschte Méint insgesamt ronn 130.000 Kilowattstonne pro Mount op deene verschiddene Bornen opgelueden. Dëst géif ronn 800.000 reng elektresch gefuerene Kilometer entspriechen.
Als nächste Schratt misst een de Leit d'Méiglechkeet ginn hiert Gefier méiglechst séier opzelueden. Op 19 Sitte sollen dowéinst insgesamt 88 Borne fir séier ze lueden installéiert ginn. Dës Bornen, déi d'Bezeechnung "Spuerchargy" droen, sollen een däitlech méi séiert Lueden erméiglechen. Esou soll een de Stroum fir 100 Kilometer fueren ze kënnen op esou enger Statioun ënnerhalb vu 5 Minutten opluede kënnen.
Den Energieminister Claude Turmes huet vun engem gudden Dag fir de Klimaschutz zu Lëtzebuerg geschwat. D'Kurs géint de Klimawandel wier virun allem eng Kurs fir d'Emissiounen an der Mobilitéit op Null ze reduzéieren. Nieft dem Ausbau vum ëffentlechen Transport an enger nohalteger Landesplanung wier et deemno wichteg, de Mënschen en Ureiz ze gi fir op elektresch Gefierer ëmzeklammen. Mat den neie Bornë géif een de Leit eng Alternativ zum Verbrennungsmotor presentéieren. Iwwerdeems géifen déi verschidde Primmen, vun deenen ee beim Kaf vun engem Elektro- oder Hybridauto profitéiere géif, e weideren Ureiz duerstellen.
Och beim Stroum, deen aus den neien "Superchargy-Borne" kënnt gouf op Nohaltegkeet Wäert geluecht. Eng extra Ausschreiwung hätt dem Energieminister no dofir gesuergt, dass nëmme Stroum, deen aus Solar-, Wand- oder Waasserkraaft generéiert gouf an deenen neie Schnell-Lued-Statiounen ass.
Déi 88 Borne sollen dann ënnerhalb vun deenen nächsten 2 bis 3 Joer uechtert d'Land installéiert ginn. Op 6 groussen Autobunnstankstelle solle jeeweils 6 Schnell-Lued-Statiounen installéiert ginn. Nieft den Autobunnen, sollen och déi aner wichteg Verkéiersachsen zu Lëtzebuerg, wéi zum Beispill d'Nordstrooss mat deenen neie Statiounen equipéiert ginn.
An enger éischter Phase soll de Fokus vum Ausbau vun de neie séiere Luetstatiounen awer op den Autobunne leien. Esou soll bis Enn des Joers jeeweils eng vun deenen neie Bornen op der A3 an der A6 stoen.