D'Pandemie huet och d'Betriber aus dem Horesca an der Eventszeen fest am Grëff. An d'Situatioun gëtt net méi einfach, wat dës méi laang dauert.

Virun enger Woch ass een oppene Bréif un d'Regierung geschéckt ginn, an deem Patronen vun der ASBL "Don't Forget US" aus dem Horesca an der Eventszeen d'Problemer wéinst der aktueller Pandemie ugeschwat hunn. An, dass d'Hëllefen net duerginn.

Eng Pressekonferenz, bei der et net drëms gaangen ass alles schlecht ze schwätzen. Mee fir iwwert d'Realitéit vun engem grousse Secteur hei zu Lëtzebuerg ze schwätzen. D'Asbl "Don't Forget Us" gouf gegrënnt, fir sech eng Stëmm ze ginn, an zesummen un engem Strang ze zéien. Iwwer 80 Entreprisen aus dem Beräich vun der Horesca an och der Eventszeen sinn hei vertrueden.

Lauschtert hei deen éischten Deel!

Op der Pressekonferenz um Donneschde Mueren hunn d'Patrone vu verschiddenen Entreprisen hir Problemer op en Neits matgedeelt. Dëst nodeems een scho virdrun ee Bréif un d'Regierung geschéckt hat. Eng Äntwert oder een "Accusé de Réception" hätt een awer nach net kritt. Et huet ee gewisen, dass d'Leit aus dëse Secteure sech Froe stellen a sech Suerge maachen. Sief dat ëm d'Bezuele vun de Rechnungen, de Salairen, oder ob et iwwerhaapt eng Zukunft gëtt. Och wann d'Clienten d'Betriiber weider ënnerstëtzen esou wäit dëst mat der Fermeture méiglech ass, wier et virun allem d'Regierung déi reagéiere misst. Soss géifen et vill Betriber geschwënn net méi ginn. An och misst een am aktuelle Gesetz nobesseren. Do wieren d'Realitéiten um Terrain net wierklech consideréiert ginn. Besonnesch fir nei Etablissementer wier et deels schwiereg iwwerhaapt eng Hëllef kënnen unzefroen. Et wier ee sech och bewosst, dass d'Schütze vu Mënscheliewe richteg a wichteg wier. Mee aner Existenzen géife riskéieren doru futti ze goen, wann d'Hëllefen net dem finanziellen Sacrifice ugepasst ginn.

Lauschtert hei deen zweeten Deel!

"Mer siche keng Konfrontatioun, mer wëllen och net direkt manifestéieren. Meng Hoffnung ass nach ëmmer, dass d'Gouvernement eis versteet, dass se an den Dialog mat eis ginn, Solidaritéit beweisen an eis Hëllefe proposéieren." Mat deene Wierder huet de President vun der Asbl "Don't Forget Us", de Jean-Claude Colbach eng intensiv Pressekonferenz ofgeschloss.