Mueres direkt fit ze sinn a mat 100% kënnen an den Dag starten ass méiglech an zwar mat e bëssen Disziplinn.

Lauschtert eran

Net fir jiddereen ass et mueres einfach aus dem Bett ze kommen. Wärend déi eng direkt fit si wann de Wecker schellt, drécken anerer nach 10 mol op d’Schlummertast a kommen dann nawell net gutt top. Dat huet ganz verschidde Grënn wisou dat bei de Mënschen esou ënnschiddlech ass. Ma eng Persoun déi eigentlech net gutt aus dem Bett kënnt huet elo d’Méiglechkeet dat ze änneren. D’Schlofexpertin Anandy huet nämlech géigeniwwer vu ''Byrdie'' eng gëlle Reegel präis ginn.

Dir hutt bestëmmt scho vun de verschiddene Schlofphasen héieren, déi de Kierper an der Nuecht duerchleeft. Fir mueres gutt opzekommen, dierfen déi Schlofphase méiglechst net ënnerbrach ginn. Dat geléngt am beschte mat der 85:15 Reegel.

Kléngt villäicht komplizéiert, ass et allerdéngs guer net. Anescht ausgedréckt heescht et soss näischt wéi, dass een op 85% vun den Deeg zur nämmlechter Zäit an d’Bett soll goen. Bei deenen aner 15% kann een da maache wéi ee wëll. Op eng Woch gekuckt wieren dat also ronn 6 Deeg op deenen ee sech un d’Zäiten hale soll a just 1 Dag op deem ee ka maache wéi ee wëll.

Déi fest Zäiten hëllefen dem Kierper e gudde Schlofrhythmus ze entwéckelen an esou besser ze schlofen a besser aus dem Bett ze kommen. Kléngt ganz einfach an ass et och. Probéiert dat ganzt mol iwwert eng méi laang Zäit an dir wäert gesinn, dass d‘ 85:15 Reegel Goldwäert ass.