D'Residenz vum 46. President Joe Biden, ass wuertwiertlech e Stéck Geschicht an huet och dat eent oder anert Geheimnis.

Lauschtert eran

Ma wat huet et eigentlech mam wäissen Haus op sech? Fir unzefänken hätt ''Grey House'' deemols eigentlech besser gepasst. Iert et duerch brittesch Truppe 1814 a Brand gestach ginn ass, war et nämlech net wäiss mee gro. Deen deemolege President James Madison huet seng Residenz du bei der Renovatioun wäiss usträiche gelooss a säit dem och den offiziellen Numm ''White House''.

Eigentlech ass et just eng Kopie vum iresche Parlament. Den ireschen Architekt, deen d’White House entworf huet, huet sech nämlech um Leinster House orientéiert an ass ebe bis haut de Sëtz vum Parlament an Irland.

Dat huet dem George Washington allerdéngs net esou gefall. Obwuel hien den Optrag ginn huet d’Haus ze bauen, huet hie selwer ni dra gewunnt. Him war et ze kleng an ze einfach fir e President. Den John Adams war deemno deen éischte President deen och effektiv do gewunnt huet.

Donieft bréngt d’Wäisst Haus haut och negativ Erënnerunge mat sech. Kuckt ee sech d’Adressen un, un déi d’Geld vum Bau gefloss ass, mierkt een, dass déi Suen u Sklavebesëtzer gaange sinn. Spréch d’Wäisst Haus ass deemno vu Sklaven erbaut ginn.

Méi onheemlech ass, dass schon e puer Leit bericht hunn, et géing am ''White House'' spuken. De Geescht soll hei soss keen anere si wéi dee vum Abraham Lincoln. Virun allem am Oval Office an an der Schlofkummer dreift sech den Abraham ronderëm. De Premierminister Winston Churchill, d’Kinnigin Wilhelmine aus Holland an d'First Lady Grace Coolidge behaapten alleguer de Geescht scho gesinn ze hunn.

Ganzer 132 Räim, 35 Buedzëmmer, 8 Trapenhaiser an 3 Lifter sinn dobanne verbaut. Eng Architektur déi ee staune léisst. Ma wann een et als Net-US-Bierger eng Kéier wëll besiche goen, muss ee sech mindestens 6 Méint am Viraus bei der Botschaft zu Washington umellen.

© Pexels