Duerch de Brexit-Accord gëtt et schwéier fir brittesch Museker, an der EU opzetrieden. Si brauchen elo eng Aarbechtserlabnis an ee Visum.

Lauschtert hei de Reportage

An engem oppene Bréif deen dëse Mëttwoch an der brittescher Zeitung „The Times“ publizéiert gouf, kritiséieren e sëllege Museker déi nei Visa-Reegelen fir Artisten, déi wärend de Brexit-Verhandlungen decidéiert goufen. Fir ee méi längeren Openthalt an der EU ass fir brittesch Bierger elo ee spezielle Visum néideg.  Dësen Accord wäert vill Kënschtler ruinéieren, heescht et an dësem Statement, dee vun ronn 100 Staren ënnerschriwwe gouf – dorënner Elton John, Sting, Ed Sheeran, a Liam Gallagher.

Sou gouf wärend de Brexit-Verhandlungen decidéiert, dass Artisten sech zanter dem 1. Januar 2021 een deiere Visum mussen organiséieren, fir an der EU kënnen op Tour ze goen. Fir eng Band vu 6 Museker op ee Festival an Europa ze bréngen, misst een deemno ronn 2.000 Euro un Taxe bezuelen.

Et trëfft vrun allem jonk Museker

Virun allem fir jonk Newcomer, déi wéinst de Covid-Restriktiounen elo scho kämpfe missten, fir hire Kapp iwwer Waasser ze halen, wier dat neit Reglement katastrophal. Di ëmmer nei Frais’en fir Autorisatiounen an aner Virschrëften kéinten dozou féieren, dass verschidden Tournée’en komplett onrentabel gemaach géifen.

Groussbritannien an d’EU maache sech géigesäiteg  fir den Accord responsabel

Mee obwuel e sëllege Memberen aus der Museksindustrie hir Roserei doriwwer ausdrécken, dass ee si komplett am Stéch gelooss hätt, hält di brittesch Regierung un hirer Decisioun fest.  Wéi et vun der brittescher Kultursekretärin heescht, wier et d‘EU, déi op des Reegel bestanen hätt. Groussbritannien wier bereet gewiescht, de Kënschtler entgéint ze kommen.

Fuerderung no engem Museker-Pass

D‘Museker fuerderen ee spezielle Pass fir Kënschtler an Bühnepersonal- ee sougenannte Museker-Pass, deen hinnen d’Rees an d’EU méi einfach maache soll.  Eng entspriechend Petitioun un d’Regierung huet bis ewell méi wéi 270.000 Ënnerschrëften kritt.