Vum 11. Februar u kënnt dir "Capitani" op där weltwäit gréisster Streaming-Plattform gesinn. Mir hu mam Produzent Claude Waringo vu Samsa Film geschwat!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Et wier fir unzefänke schonn emol e formidabelt Gefill gewiescht, datt “Capitani” hei zu Lëtzebuerg esou gutt gelaf wier. Iwwert déi 12 Episode vun där éischter Staffel hätt een nämlech cumuléiert ronn 1,5 Milliounen Zuschauer erreecht. No deem enorme Resultat hätt een dann och ugefaangen international ze denken, esou richteg dru gegleeft hätt een ufanks awer net.

"Fir d'éischt koum d'Nouvelle, datt si sech dat emol ukucken. Zweetens, datt si dat net schlecht bis ganz gutt fannen. An iergendwann eng Kéier krut ech d'Nouvelle datt si et kafen. Et ginn also e puer Momenter 2020 an deenen ech net méi un de Covid geduecht hunn, mee och emol eng gutt Nouvelle konnt genéissen." (CW)

Lauschtert de Claude Waringo iwwert déi gutt Nouvelle!

3 bis 4 Méint hunn d’Verhandlunge mat Netflix gedauert. Virun allem leeft dat natierlech iwwert een Netzwierk u Kontakter dat ee sech am Laf vu senger Karriär opgebaut huet. Dat sollt awer op kee Fall dovun oflenken, datt et einfach d’Qualitéit vum Produit gewierscht wier, déi iwwerzeegt hätt.

"Capitani" Luc Schiltz & Brigitte Urhausen / © Samsa / RTL / Artémis

Natierlech huet “Capitani” och fir deen internationale Public vum Streaming-Déngscht missen ugepasst ginn, virun allem wat d’Iwwersetzung op déi verschidde Sproochen ugeet. Dorëms këmmert sech awer Netflix selwer.

"An deem Moment an deems du däi Projet verkaaft hues, gëss du dat of wat's du hues. An deem heite Fall heescht dat "Capitani" op Lëtzebuergesch. A vun do un iwwerhëlt d'Maschinn Netflix. Do sinn da Laboratoiren esouwuel an Amerika ewéi och zu München déi alleguerten déi gedubbte Versiounen an de Sous-Titrage gemaach hunn. Ech ginn dovunner aus, datt am Februar wann et uleeft, eng 10 Sprooche wäerten disponibel sinn." (CW)

Lauschtert de Claude Waringo iwwert déi verschidde Sproochen!

"Capitani" Julie Kieffer / © Samsa / RTL / Artémis

Datt déi éischt Staffel vu “Capitani” kaaft gouf, heescht awer net automatesch, datt och déi zweet Staffel wäert op Netflix ze gesi sinn. Wann et da bis esouwäit ass, geet dee ganze Verhandlungs-Prozess erëm vu vir lass. Déi 12 nei Episode sinn iwweregens fäerdeg geschriwwen, elo Mëtt Mäerz fänkt den Tournage un. Fir dee gouf e spezielle sanitäre Protokoll ausgeschafft. Nieft der Maskepflicht heescht dat och reegelméisseg testen.

"Zesumme mam Ministère de la Santé hu mir e Protocole Sanitaire ausgeschafft. An d'Reegelen déi fir en Tournage gi sinn, si ganz strict. Mir hunn zum Beispill eng Persoun pro Tournage agestallt, déi sech nëmmen ëm d'Corona-Fro bekëmmert. Déi ganz Ekippe huet natierlech Maskepflicht, bis op d'Schauspiller:innen déi natierlech fir hir Zeenen d'Maske kënnen ausdoen. Donieft muss d'ganz Ekipp sech zwee Mol d'Woch teste loossen. Dat sinn an deem heite Fall eng 150 Tester pro Woch, iwwer 12 Wochen. Dat heescht dir kënnt iech ongeféier virstellen, dass dat net einfach ze organiséieren an och net bëlleg ass. Mee dat ass eben de Präis dee mir musse bezuelen" (CW)

Lauschtert de Claude Waringo iwwert den Tournage vun där 2. Staffel!

D’Première vun där zweeter Staffel ass geplangt fir Februar 2022. Elo freeë mir eis awer emol op déi éischt 12 Episode vu “Capitani”, déi dir vum 11. Februar un op Netflix kucke kënnt.