© Unsplash
Just een eenzegen Track vun de US Top 50 gouf vun enger eenzeler Persoun geschriwwen!
Et hëlt een een e Museker, dee schreift Lyrics, komponéiert dozou de Beat, hëlt et op a fäerdeg ass den Hit. Ma genee esou leeft d'Hit-Fabrick seelen of. D'Musekszäitschrëft "Rolling Stone" huet d'Chart-Date vun de leschten 10 Joer ënnersicht an déi eenzel Hits, esou wéi de Prozess hannendrun, ausgewäert. Dobäi ass erauskomm, dass am Duerchschnëtt mindestens 5 Songwriter un engem Hit-Song schreiwen.
Just 4% vun de Songs aus den US Top 50 vun de leschten 10 Joer goufe vun enger eenzeler Persoun geschriwwen. Am leschte Joer war d'Quote souguer nach méi déif a louch bei engem eenzege Song, dee vun enger Persoun geschriwwe gouf an zwar vum Toni Elizabeth Watson, besser bekannt als Tones and I. Heibäi handelt et sech natierlech em déi absolutt Chart-Sensatioun "Dance Monkey".
Als eenzeg Kënschtlerin ënnert den Top 50 ze sinn, déi hire Song eleng geschriwwen huet an net nach e ganzt Team hannendru stoen huet, ass schonn eng riseg Leeschtung. Bedenkt een dann, dass d'Tones and I zu deem Zäitpunkt vu Stroossemusek gelieft huet a songwriting aus sengem Van eraus praktizéiert huet, an deem et gewunnt huet, freet ee sech ëmsou méi iwwert de Solo-Erfolleg vun der Neiséilännerin.