Wodka - e richtegen Allrounder! Fir ze drénken, fir ze botzen, fir ze wäschen a fir de Gaart. Gutt fir d'Gesondheet a Kalorienaarm!

Lauschter hei!

Wodka ass e richtegt Wonnermëttel, mat ville verschiddenen Uwendungen an dat net nëmmen hannert dem Comptoir.

Puere Wodka besteet aus näischt anerem wéi Waasser an Ethanol, also Drénk-Alkohol. Distillerië mëschen dacks nach aner Goûten dobäi fir en méi fruuchteg ze maachen. Am Normalfall huet Wodka awer keen Zocker a keng Kuelenhydrater, wat dat Russescht National-Gedrénks zu engem vun de kalorienäermsten Alkohol-Zorte mécht.

Ausserdeem kann ee Wodka, duerch den héijen Alkoholgehalt, och als Desinfektiounsmëttel fir d'Hänn, awer och fir Wonnen notzen. Uewerfläche kann een och domadder desinfizéieren - einfach Wodka mat Waasser mëschen an drop lass botzen. Mat engem gudde Schwamm kritt een da mat der Wodka-Mëschung, Glas a Porzeläin rëm zum blénken.

Duerch seng desinfizéierent Eegenschaften ass Wodka och gutt fir d'Haut a mécht d'Poren propper a méi kleng. Mee opgepasst, den Alkohol dréchent d'Haut aus an ass dowéinst net eppes fir all Hauttyp. Dat russescht Waasser ass och gutt fir d'Mond-Hygiène, dat well et d'Bakterien déi fir Mondgeroch verantwortlech sinn zerstéiert an esouguer Zännwéi reduzéiere kann.

Wie Problemer mat Schweessféiss huet ka Wodka mat waarmem Waasser an enger Bitche vermëschen a sech en entspanend Foussbued maachen. Domat net genuch - Wodka mécht d'Hoer schéin a méi mëll, dofir einfach 3 Iessläffele mam Shampoing mëschen.
Esouguer am Gaart ass Wodka praktesch, einfach mat e bësse Waasser gemëscht op Onkraut sprëtzen, fir eng méi ëmweltfrëndlech Alternativ zu de Produiten aus dem Supermarché. Mee et kann een och e puer Drëpsen an d'Waasser vum Blummestack schëdde fir datt se  méi laang frësch bleiwen.