© Pixabay
Net jidderee gëtt mat der Ausso ''bleif doheem'' gutt eens. Isolatioun bedeit hei eleng sinn. Dofir ass et wichteg seng Motivatioun héich ze halen.
Elo si mer wierklech quasi all esou wäit, dass eis doheem de Plaffong op de Kapp fält. Vill Choix fir aus der Situatioun eraus ze kommen hu mer jo net, ma et kann een awer verschiddenes doheem maache fir d'Zäit ëmzekréien. Am einfachsten ass et wann ee sech selwer en neit Zil setzt oder eventuell en eegene Projet lancéiert.
Huelt iech eppes fir, un deem der Dag fir Dag kënnt schaffen an iech Spaass mécht. Dat féiert nämlech dozou, dass der nees méi motivéiert sidd fir an den Dag ze starten.
Eng Iddi wär hei zum Beispill eppes ze léieren, fir dat der bis elo nach net vill Zäit hat. Et ass iech natierlech iwwerlooss wat, ma eng Iddi ass hei eng nei Sprooch ze léieren. Et gi jo tonnen Apps mat deenen een dat ka maachen, wéi zum Beispill duolingo. Hei hutt der esouguer d'Méiglechkeet Chinesesch ze léieren. Wann der iech nächst Kéier bei ärem Chinesesche Restaurant riz sauté au poulet bestellt, da kënnt der et jo op Chinesesch maachen.
Dir kënnt natierlech och méi kreativ ginn. Wann der d'Flemm mat deenen ale Fotoalben hutt da maacht en neien. Eis Handye si voll mat Fotoen. Huelt iech einfach mol Zäit, sammelt déi flottste Fotoen déi der um Handy hutt a maacht se an en Album.
Wien da fir sech eng sportlech Challenge wëll setzen, dee ka sech och als Zil huelen all Dag mindestens 50 Pompelen a 50 Sit-ups ze maachen. Sport ass fir vill leit nämlech e Ventil iwwert dat se kënnen Drock ofloossen. A fir déi et nach kee Ventil ass, kann et dat awer eventuell ginn.
Fir dann awer mol komplett ofzeschalten,. Recommandéiere mer ze meditéieren an dat all Dag fir mindestens 10 Minutten. Zitt iech zeréck, maacht iech et gemitterlech a lauschtert Musek oder e Podcast. Dat ass perfekt fir negativ Gedanke lass ze ginn a sech mol eng Kéier falen ze loossen.