© Unsplash
Keng Loscht groussaarteg ze kachen? Vläicht leien nach iergendwou Instant Nuddelen! Mee wat ass eigentlech d'Geschicht hannert dem Studenten-Snack?
Instant Nuddele ginn et säit 1958 a kommen aus Japan. Méi genau goufe se vum Momofuku Ando erfonnt. Hien huet nämlech erausfonnt wéi een d'Nuddele méi laang haltbar mécht, andeems ee se frittéiert. Duerno muss ee just kachend Waasser drop schëdden, waarden a se si fäerdeg. Domadder gouf "Magic Ramen", Instant Nuddele mat Poulet-Goût kreéiert, déi besonnech am asiatesche Raum e grousse Succès haten.
1971 ass de Momofuku an d'USA gereest fir säin innovatiivt Produkt ze verkafen. An engem Geschäfts-Meeting huet hien dann "Magic Ramen" virgestallt an huet jidderee mat der Iddi vum schnelle Snack iwwerzeegt. Nodeems si awer keng Schossel fonnt hunn fir d'Zopp ze schmaachen, hunn se einfach eng Taass geholl, an amplaz vu Stäbercher, eng Forschette. Dat war de Gebuerts-Moment vu Cupnoodles! Ufanks waren d'Nuddelen an enger normaler Verpackung. Fir den amerikanesche Marché unzeschwätze gouf dann aus enger Tut e Becher. Dësen huet als Verpackung, Dëppe fir ze kachen a Schossel fir ze iesse gedéngt. Zu deem Zäitpunkt e komplett neit Konzept.
1990 goufen da weltwäit 15 Milliarde Portioune verkaf, 2012 iwwer 100 Milliarden, wat just fir de Succès schwätzt. Mee domadder net genuch - de Momofuku huet dann 2005 eng "Space" Variant erfonnt a sech en Dram erfëllt. Am Alter vu 95 Joer huet hie "Space Ramen" erfonnt, eng Versioun vun de bekannten Nuddelen, déi och Astronauten am Weltraum iesse kënnen.
A Japan gëtt et esouguer e Musée iwwert d'Geschicht vun de Cupnoodles, ausserdeem kann een do seng eege Mëschung zesummestellen an Instant Nuddelen aus der ganzer Welt schmaachen.