Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus, dat mam passende Sound!

Widder

Silk City ft Ellie Goulding - New Love

Eis Widderen hu gekämpft an hir nei Léift fonnt!

Stéier

Tom Grennan - Little Bit Of Love

Bei de Stéieren fléien net d'Fatzen dëse Woch, mee d'Päiperleken.

Zwilling

Olivia Rodrigo - drivers license

D'Zwillingen hu grad Loscht sech einfach an den Auto ze setzen, an ouni Zil ze fueren.

Kriibs

Smash Mouth - All Stars

Eis Kriibse si kéng dës Woch. Starallüren inklusiv.

Léiw

Jason Derulo ft Adam Levine - Lifestyle

De Léiwen hiert Liewen ass de Moment e bësse monoton. Zäit fir e bësse Faarf an d'Grot ze bréngen.

Jongfra

T.I ft Rihanna - Live Your Life

Eigentlech wëllen eis Jongfrae just hiert Liewe maachen. Ma et gi Leit déi se dëser Deeg dobäi stéieren. Bleift calme!

Wo

Jupiter Jones - Still

Et gëtt roueg bei eise Woen. Also Zäit fir d'Batterien nees opzelueden.

Skorpioun

Lea - Leiser

Just well se roueg sinn heescht et net, dass et de Skorpioune schlecht geet.

Schütze

Taylor Swift - Willow

Et sinn déi ganz kleng Saachen, déi de Schützen Trouscht bréngen

Steebock

Coldplay - Yellow

D'Steebéck bewonnere grad heemlech eng bestëmmte Persoun. Traut Iech se unzeschwätzen.

Waassermann

Sportfreunde Stiller ft Udo Jürgens - Ich war noch niemals in New York

Et geet wuel nach esou bal net fort op nei Plazen. D'Waassermänner entdecken Neies am gewinnten Ëmfeld.

Fësch

Bastille - Goosebumps

Eis Fësch dreemen dës Woch e bësse viru sech hin.