Podcasts, Musek an Telefonsgespréicher: Duerch Kopfhörer ginn eis Oueren permanent gefuerdert. Wéi ee Schuet kann dat mat sech bréngen?

Mam Kopfhörer an den Oueren verloosse vill Mënsche moies d’Haus. An duerch de Kaméidi op der Strooss erwëscht ee sech ëmmer nees dobäi, dass een de Sound ze haart opdréit.  Genee dora läit de Problem: Dem Däitsche Beruffsverband fir ORL’en no ass eng Lautstäerkt iwwer 85 Dezibel kritesch fir d‘Oueren. Verschidde Geräter hunn dowéinst ee Reegeler fir de Volume agebaut, dee kritesch Beräicher uweist. Et sollt een des Recommandatiounen eescht huelen a sech drun halen, soen d’Spezialisten.

Kopfhörer bréngen eis dozou ëmmer méi haart opzedréinen

Eist Ouer gewinnt sech nämlech séier un deen haarde Sound. Dat féiert dozou, dass mir d‘Kopfhörer onbewosst ëmmer méi haart stellen. Dësen Effekt ass bei all de Kopfhörer d‘selwecht. Allerdéngs kann ee seng Oueren e bësse austricksen: mat sougenannten Noise-Cancelling-Kopfhörer. Déi schützen eis vum Kaméidi vu baussen, d’Gefor dass ee voll opdréit ass méi kléng.

D‘Ouer ka sech regeneréieren

Zum Gléck kënne sech eis Oueren nees erhuelen. No laangem, haarde Museklauschtere mat Kopfhörer huet d’Ouer keng Energie méi, fir all d’Téin weider ze leeden. Dowéinst ass et wichteg, den Oueren eng Paus ze gënnen. ORL’e recommandéieren beispillsweis, den Oueren no engem Concert 8 bis 10 Stonnen Erhuelung ze gënnen. Dat heescht: Ouni Musek, ouni  Telefonéieren an ouni Stroossekaméidi.

Wann ee sech Rou gënnt, tankt d‘Ouer nees Energie.

Sech der Lautstäerkt bewosst ginn

Ënnert dem Stréch kann ee soen, dass Kopfhörer  keen esou grousse Schuet provozéieren. Kritesch gëtt et eréischt, wann d‘Oueren zousätzlech vill anerem Kaméidi ausgesat sinn wéi Trafic, Maschinnen oder Reim mat ville Mënschen. Sou laang d’Ouer sech erhuele kann, braucht ee sech awer keng Suergen ze maachen.