© pixabay.com
De Kobra Effekt kéint dem Boris Johnson e Stréch duerch d'Rechnung maachen
Groussbritannien leit weiderhi ferm ënnert der Coronakris a mëttlerweil si bal 100.000 Leit un de Suitte vum Virus gestuerwen. Deel vum Problem ass, dass vill Leit déi de Virus hunn trotzdeem nach schaffe gi well si et sech finanziell net leeschte kennen 2 Wochen doheem ze bleiwen an de Staat keng weider finanziell Hëllef ubitt. Elo huet de Boris Johnson awer d’Iddie gehat, dass jiddwereen, deen de Virus huet, eemoleg ronn 600 Euro kréie soll fir wärend der Quarantän iwwert d’Ronnen ze kommen. Mee bei dëser Initiativ kéint de Schoss awer no hanne lassgoen, an dat wéinst dem sougenannte Kobra Effekt.
Lauschtert hei de Reportage:
De Kobra Effekt geet nämlech och op eng brittesch Initiativ zréck. Wéi Indien nach eng brittesch Kolonie war, goufen et an der Regioun Dheli ze vill Kobraen. Also hunn d’Britten den Inder Suen ausbezuelt fir all doudeg Kobra, déi si hinne bruet hunn. Domm nëmmen, dass e puer schlau Inder op d’Iddie komm sinn, d’Kobraen ze ziichte fir domadder Suen ze maachen. Wéi d’Britten dovunner Wand kruten hunn si d’Initiativ gestoppt. D’Inder déi keen Notze méi fir hier geziichte Kobraen haten, hunn se dunn einfach fräigelooss, an am Endeffekt goufen et dunn nach méi Kobrae wéi am Ufank.
© pixabay.com
Änlech kéint et mam Coronavirus goe wou d’Leit sech eventuell bewosst ustieche fir d’Suen ze kréien. Ob de Boris Johnson also aus de Britten hirer eegener Geschicht léiere wäert oder och dem Kobra Effekt zum Affer fält, wäerte mer wuel an den nächste Wochen erausfannen.
Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter