Net alles wat mer hei gäre kucken ass och an Asien oder Afrika beléift. Déi eng oder aner Iwwerraschung ass beim Ranking mat dobäi.

Lauschtert eran

Wann ee spontan misst op d’Fro äntwerte wat déi beléiftste Sportaarten op der Welt sinn, da kéint et mol sinn, dass ee Fussball, Basket, Tennis an Handball géing nennen. Ma kuckt ee sech d’Statistiken unn, da stëmmt dat awer net esou ganz.

D'Websäit ''Sportyghost'' erstellt dacks eng Lëscht mat verschiddenen interessanten an och heiansdo mol skurrille Phenomener an der Sportswelt. Hei geet et elo awer virun allem drëms wat déi beléiftste Sportaarten op der Welt sinn. Well et schwiereg ass, genau ze kucke wéi vill Leit aktiv an engem Veräin oder enger Sportaart sinn, hu si sech hei op déi Leit konzentréiert déi an de Stadie sinn an Eventer iwwert Tele verfollegen.

D’Zuele schwätzen hei kloer fir sech a loossen deen een oder anere sécher staunen.

Iwwerraschender weis sinn American Football, Basket, Golf a Baseball hei op de Plazen 10, 9, 8 a 7. Dono gëtt et da scho méi skurril. Op der 6 ass nämlech Dëschtennis mat ronn 850 Millioune Spectateure Weltwäit an op der 5 Volleyball mat 900 Milliounen.

Op der 4 hu mer dann e Sport deen iwwerall gutt ukënnt an zwar Tennis an ass dowéinst am noosten un der Mark vun enger Milliard Spectateuren .

Iwwerraschender weis sinn op de Plazen 3 an 2 Sportaarte mat deenen een elo net esou gerechent huet an zwar Feldhockey mat 2 Milliarden Zuschauer a Cricket mat 2,5 Milliarden.

Op der 1 hu mer dann dat wat jidderee sech quasi scho geduecht huet an zwar de Fussball. Mat Weltwäit ronn 3,5 Milliarde Spectateuren ass et déi Sportaart déi am beléiftsten op eisem Planéit ass.