Contenu ze maachen dee ronderëm d'Welt oder duerch d'Land geet ass net einfach. Ma engem Rapport no gëtt et dofir awer eng Uleedung.

Lauschtert eran

Mueres kuckt een op säi Smartphone a vun 3 verschiddene Leit huet een deen nämmlechte Video geschéckt kritt. Scrollt een dann e bëssen duerch den Instagram oder Facebook, fält engem sécher genau dee Video och e puer mol an d’A.

Fir, dass e Video viral geet mussen d’Leit dësen natierlech reposten, weiderschécken oder Leit drop markéieren. Engem Bericht vun Harvard Business Reviews no, si folgend Gedanke bei de Leit de Grond wisou e Video iwwerhaapt weidergeleet gëtt.

Meenungen

Et ass een op der Sich no Meenungen, dat heescht et wëll ee wësse wat d‘ Kolleegen dovunner halen.

Connectioun

Eventuell verbënnt de Video ee mat senge Frënn an et kann ee sech iwwert gemeinsam Interesse freeën.

Hëllef

D’Méiglechkeet besteet och, dass et fir seng Frënn eng hëllefräich Informatioun kéint sinn

Matdeelen

De Video seet eventuell eppes iwwert ee selwer aus an et wëll een d’Leit dat wësse loossen.

De gudden Zweck

An et ka sinn, dass de Video fir e gudden Zweck ass an ee just hëllefe wëll.

Fir déi Gedanke bei engem Mënsch auszeléisen, ass et wichteg, dass den Inhalt vum Video gutt gewielt ass. Idealerweis soll dëse witzeg, emotional, iwwerraschend an interaktiv sinn. Kombinéiert een elo alleguer déi grad genannten Atouten, ass d’Warscheinlechkeet grouss, dass äre Video viral geet.

Ee wichtege Komponent, wann net esouguer dee wichtegsten dierf do net feelen an zwar d’Chance. Bei all Video oder Foto déi ronderëm geet gehéiert natierlech och e bësse Gléck dozou.