© pexels.com / pixabay.com
Wie seet, dass ëmmer d'Männer den Toun uginn? Bei dësen dräi Déieren gëtt éischter op dat weiblecht Geschlecht gelauschtert!
1. Tëppel-Hyän
Hyäne kennen déi meescht nach als déi "Béis" aus dem König der Löwen. Ma eigentlech sinn Hyänen awer immens sozial Déieren. Ma, dass d'Weibecher bei hinnen de Lead hunn, huet och mat hirer Anatomie ze dinn. Hei sinn d'Fraen nämlech méi schwéier an och een Tick méi aggressiv. Ma virun allem ass et awer hir Fäegkeet hir Relatiounen ze fleegen, déi maachen, dass se dominéieren. D'Männercher wiesselen nämlech reegelméisseg hir Famill, a verléieren doduerch och d'Bindungen déi entstane sinn.
2. Elefanten
Bei deene grousse Mamendéieren ass et scho méi bekannt, dass d'Fraen d'Famill leeden. All Clan gëtt vun der "Leetkou" ugefouert. Déi decidéiert also, wou déi ganz Häerd hi geet. An do gëtt net nëmmen op "Fraepower" gesat, mee och Erfarung. Et ass nämlech déi eelsten Elefantekou an der Grupp déi dës Roll iwwerhëllt. Dat well se am meeschten Erfarung huet, an doduerch d'Häerd och besser duerch Krisesituatioune féiert. An, dacks wësse si besser wou et dat Bescht Fudder an och nach Waasser ze fanne gëtt.
3. Bonobo-Afen
D'Bonoboe sinn eis Mënschen immens änlech, dat nach méi wéi d'Schimpansen. Och, well si Sex ausser anere Grënn wéi just der Fortplanzung hunn. Ma mer ënnerscheeden eis awer och kloer, wann et drëms geet wiem d'Muecht uvertraut gëtt. Do setzen d'Bonoboen och op d'Weibercher. Hei sinn déi weiblech Déieren méi "staark" well se nees besser zesummenhalen. Also nix mat Zickenterror. Si fleegen immens enk Relatiounen zu deenen anere Weibercher an der Grupp a kooperéieren besser wéi déi männlech Bonobos. Doduerch hu si ee méi héije soziale Status an der Grupp wéi elo d'Männer.