© Screenshot Instagram NFL
18 Joer leien tëscht dem Patrick Mahomes an dem Tom Brady. Et versprécht also scho mol spannend ze ginn, ma awer net just wéinst deenen zwee.
Et ass dat gréisste Sportevent op der Welt an zwar de Super Bowl. Eiser Zäit an der Nuecht vum Sonndeg de 7. Februar op Méindeg den 8. gëtt dee mëttlerweil 55. Super Bowl zu Tampa Bay gespillt. Géigeniwwer sti sech d’Tampa Bay Bucceneers an d’Kansas City Chiefs.
Eng Final déi elo scho versprécht legendär ze ginn. Op der enger Säit hu mer den Tom Brady, Quarterback vun de Buccaneers. 6 mol konnt dëse schonn de Super Bowl gewannen, dat awer net mat de Buccaneers, mee mat de Patriots. Et ass seng éischt Saison mam neie Veräin an huet se dann och direkt an d’Final geleet, déi iwweregens am ''Raymond James Stadium'' zu Tampa gespillt gëtt. Heemvirdeel also fir d’Bucs.
Op der anerer Säit steet dann de Quarterback vu Kansas City, Patrick Mahomes dee lescht Joer scho mat senger Equipe konnt de Super Bowl gewannen. De 25 Joer jonke Mahomes huet also nach net esou vill Erfahrung wéi den Tom Brady. Virun allem wann ee bedenkt, dass den Tom Brady virun 20 Joer säin éischten Titel gewonnen huet, kann een hei definitiv vun engem Generatiounen-Duell schwätzen. Deemools hat de Patrick Mahomes nämlech eréischt knapp 5 Joer.
Nieft der ganzer Pandemie an de Corona-Restriktiounen déi sech duerch déi ganz Saison gezunn hunn, ginn et och bei dëser Final eng ganz Rei Premieren. D' NFL huet nämlech 7500 Leit aus dem Gesondheetssecteur op d’Final ageluede fir hinne fir hiren Asaz wärend de Pandemie Merci ze soen. E Grousse Geste, wann ee bedenkt, dass esou een Ticket am Duerchschnëtt bei 9‘000 Dollar läit.
Donieft ass et dann och eng Premier fir d’Sarah Thomas. De 7. Februar ass et deemno déi éischte Kéier an der Geschicht vum Super Bowl, dass eng Fra als Schidsriichterin an den Asaz kënnt.
Nieft dem Sport gëtt natierlech och musikalesch eppes gebueden, an zwar trëtt an der Halftime-Show soss keen aneren op wéi de Museker ''The Weeknd''.