© Unsplash
Wéi erlieft een d’Rees an d’USA als Member vum Schengen Raum an enger Zäit, an där en “Travel Ban” fir d’ Europäer gëllt?
No véier Flich an d’USA an de leschte Joren huet dëse fënnefte versprach eppes besonnesches ze ginn – grad well et meng éischt Rees an d’Land war, zanter den Donald Trump Mëtt Mäerz 2020 annoncéiert huet, dass duerch d'Covid-Pandemie Persounen aus dem Schengen-Raum d’Arees an d’USA verweigert kréien. Am Juli huet den Trump dunn dem internationalen Drock noginn, an ënnert anerem europäesch Areesender mat engem Studentevisa goufe vun dem Areesverbuet befreit. Soumat war et dunn och mir méiglech, awer anzereesen.
Trotz dëser Méiglechkeet kann een de Wee bis an d’USA duerch déi aktuell Ëmstänn net mat fréieren Trajet’en dohi vergläichen.
Nieft de bekannte Gestes barrières en place war och d’Besetzung vum Fliger anescht wéi déi Jore virdrun. Esou eng transatlantesch Flich wéi dee vu Frankfurt ob Chicago, deen ech geholl hunn, sinn normalerweis zu all Joreszäit gutt gebucht. Des Kéier war de Fluch allerdéngs nëmmen zu engem Drëttel besat.
Ob een effektiv zu de wéinegen Ausname gehéiert, déi rechtméisseg areesen dierf ass och direkt e puer Mol um Trajet kontrolléiert ginn. Um Frankfurter Flughafen, beispillsweis, ass all eenzel Persoun ob mengem Fluch vu Grenzbeamten nom Areesgrond an de respektiven ënnerstëtzenden Dokumenter gefrot ginn. No engem negative Corona-Testresultat, bezéiungsweis Informatiounen zu menger Gesondheet, gouf sech allerdéngs ni erkënnegt.
Och wann d’Pandemie vill nei Hürden ob dëser Arees mat sech bruecht huet, huet se awer och zu engem Virdeel gefouert: des Kéier huet de Prozess vum Security-Check nëmme ronn 15 Minutte gedauert, par Rapport zu der décker Stonn déi ee virun der Pandemie ëmmer dofir huet missen arechnen.
Trotz der rechtlecher Differenzéierung, déi ech als Member vum Schengen-Raum bei der Arees erlieft hunn, hunn ech am mënschlechen Aspekt keen Ënnerscheet zu soss oder zu anere festgestallt. Vun all Beamte gouf ech frëndlech a respektvoll behandelt, a schonn eleng dat huet d’Arees trotz den Ëmstänn zu engem Succès gemaach.