© Frazer Harrison / AFP
De Singer/Songwriter schafft aktuell u sengem zweeten Album. Groussen Drock mécht hien sech allerdéngs net.
Den 8. Mäerz 2019 war déi brittesch Band Bastille an der Rockhal. Am Virprogramm war e skurrillen, awer sympathesche Singer/Songwriter aus Schottland. E Mann mat enger mega Stëmm, deen ausserhalb vu Groussbritannien awer just als interessanten Newcomer gehandelt gouf, de Lewis Capaldi. Op der Setlëscht um Belval stounge Songs wéi Before You Go a Someone You Loved, déi him kuerz dono zum weltwäiten Duerchbroch verhollef hunn. Esouguer an den USA stoung de Lewis Capaldi op der 1. Dat selwecht zielt fir säin Debut-Album Divinely Uninspired to a Hellish Extent.
Lescht Joer hätt de Nofollger sollen erauskommen, ma bedéngt duerch Covid-19 huet de Release misse verréckelt ginn. Wéi sot de Museker a gewinnt ironescher Art a Weis? D'Leit hätten 2020 scho genuch gelidden. Ma elo soll de Longplayer komplettéiert ginn an de Capaldi weess, dass en ënner Drock steet. Säin Debut-Album war an England de meescht-verkaafte Longplayer vum Joer 2019 an 2020. Ma och wann hien net sollt un de Succès uknäppe kënnen, wier dat fir de Capaldi net dramatesch. Ganz nom Motto Ça passe ou Ça casse.
Wéini den Album soll erauskommen ass nach net gewosst.