Wien ofhuele wëll mécht Regimm. Dobäi verzichte mir och heiansdo ganz op Moolzechten. Well manner iessen heescht méi séier ofhuelen; oder net?

Lauschter hei!

Eng Etüd aus Japan kläert op. Wien ze oft op Moolzechte verzicht soll nämlech op laang Dauer bäihuelen an net wéi gemengt ofhuelen. Ënnersicht gouf wéien Effekt d'Ewechloosse vum Moies-, Mëttes- oder Owesiessen op d'Gewiicht an d'Iwwergewiicht huet.

D'Wëssenschaftler hunn dofir iwwert eng Period vun 3 Joer, de BMI, also de Body-Mass-Index, vun ongeféier 26.000 Studenten a Studentinnen ausgewäert. Ausserdeem hunn d'Studente misste Froen iwwert hier Iessgewunnechten, Schlof-Dauer, Alkoholkonsum an d'Fëmmgewunnechten, beäntweren. Dat fir aner Faktoren déi och en Afloss op d'Gewiicht kënnen hunn ausschléissen ze kënnen.

D'Auswäertung huet erginn datt ongeféier 10% vun de Männer a 17% vun de Fraen iwwergewiichteg waren. Dës Grupp hat dann och änlech Preferenze wat d'Iessen ugeet. Deemno hunn se oft op d'Owesiesse verzicht, mee waren och oft méi al, hunn manner geschlof an hunn méi gedronk a gefëmmt, wéi hir Kolleegen.

Eng eendeiteg Äntwert gëtt et awer nach net, just eng Hypothees. "Ësst een owes näischt, gëtt ee mueres hongereg wakereg wat dozou féiert, dass een am fréie Mëtteg vill méi ësst." Insgesamt soll een den Dag nodeems een Owes näischt giess huet, méi Iessen, souzesoe fir d'Energie-Opnam ze kompenséieren. D'Owesiessen huet vill Närstoffer, Proteinnen a Vitaminnen. Wien dorop verzicht, muss dës duerch aner Moolzechten zou sech huelen, wat dozou féiert datt een zouhuele kann.