Et kéint sinn, dass der ignoréiert gitt, mee maacht iech net direkt e Kapp: Et kann och aner Grënn hunn!

Et vibréiert, dir kuckt voller Hoffnung op de Smartphone mee d'Noriicht kënnt net vun där Persoun, déi iech zanter 3 Stonnen net geäntwert huet. A lass geet de Kappkino: "Ignoréiert e mech?", "Hunn ech eppes Falsches gesot" oder "sinn ech einfach net wichteg genuch?". Wien op eng Noriicht vun engem anere waart, fënnt sech net just séier an engem Stuerm vu Gedanken erëm mee stellt sech och nach Zenarie vir fir sech selwer ze erkläre firwat déi aner Persoun da wuel net äntwert. Ma ier der iech eng ganz Geschicht ausdenkt an zu ärem eegene Schluss kommt, denkt drun: Mir erwaarde villäicht vun digitaler Kommunikatioun, dass se funktionéiert wéi eng echt, ma dat mécht se net.

Smartphones, Apps an den Internet maachen et zwar méiglech an Echtzäit ze kommunizéieren, ma et bestëmmt ëmmer nach jiddereen autonom doriwwer ob a wéini hei geäntwert gëtt. Heiansdo wëll déi aner Persoun sech einfach méi Zäit huele fir eng Äntwert ze verfaassen, amplaz séier tëscht all deenen aneren Aufgaben en "ca va a bei dir?" ze texten.

Messengerdéngschter sinn e komesche Mix aus Bréif a face to face an dowéinst och net ëmmer esou einfach ze handhaben. Wärend vill Leit gären texten, ginn et och anerer deenen dat méi schwéier fält. Wann d’Erwaardungen hei net iwwerenee stëmmen, kann et séier zu engem Kommunikatiounsproblem kommen an dat nëmme well deen ee gäre via Telefon e Gespréich feiert an deen aneren doduerch iwwerfuerdert ass, et als ustrengend empfënnt oder et als Zäitverschwendung ugesäit.

Lauschtert eran

Dozou kënnt dann nach d’Multikommunikatioun. Anescht wéi am richtege Liewen huet een um Handy dacks méi Gespréicher gläichzäiteg. Stellt iech emol vir, dir géif mat Leit am Krees stoen a jidderee wéilt iech gläichzäiteg seng Geschicht zielen, da gëtt prioriséiert (een nom aneren). Et äntwert een engem net direkt well eppes aneres méi wichteg ass an op ee Mol denkt ee sech "upps ech hat komplett vergiess der zréck ze schreiwen." Louch d’Prioritéit bei engem aneren? Jo. Wat dat béis Absicht? An deene meeschte Fäll net, woubäi et natierlech eppes iwwert d’Bezéiung zum Messenger-Partner ausseet wann een ni zu de Prioritéite gehéiert.

Zu gudder Lescht ginn et och einfach Leit, déi mol den Handy fortleeën a sech tatsächlech mat dem hei an elo beschäftegen an net ëmmer um Display kliewen. Wann et also heiansdo virkënnt, dass een iech net direkt äntwert, sidd am beschte gedëlleg, villäicht stécht jo eng Erklärung hannendrun.

Wann et awer tatsächlech zur Gewunnecht gëtt an et kritt een d’Gefill vermëttelt vernoléissegt ze ginn, da schwätzt ganz oppen doriwwer. Dëst Gespréich sicht der dann awer am Beschten face to face.