© Pexels
Berliner wierken oft granzeg, hunn awer meeschtens d´Häerz op der richteger Platz. Hier frech an deelweis dreckeg Spréch hunn eng ganz eege Sproch!
Berlin ass e Bundesland vir sech mat der Haaptstad Berlin, e bëssi wei Lëtzebuerg an ass och wat seng Kultur a seng Awunner ugeet ganz anescht wei de Recht vun Däitschland. “Du bist verrückt mein Kind, du musst nach Berlin” ass e bekannte Sproch dee vill Leit wuertwiertlech huelen, esou och d'Wencke, wat eis haut déi speziell Berliner Sproch e bëssi méi no well bréngen:
Dass d'Berliner zimmlech frech, also frei Schnauze sinn, ass jo kee Geheimnis. Do passen ech gutt dran. De Berliner Accent als “Zugezogene”, wei mir hei soen, hinzekréien ass nach emol eng ganz aner Saach. Berliner droen hiert Häerz op der Zong, kënne wa si eppes nervt, et awer och net wierklech vir sech behalen an dat kennt bei Nei-Berliner dann oft eriwwer wei wa se eis net leide kënnen. “Dit is mir schnurz piepe” héiert een oft. Ass net béis gemengt, mee heescht ganz einfach: Freet mech vir dech, interesséiert mech awer net! “Du kannst mir ma anne Pupe schmatzen!” ass just eng aner Méiglechkeet vir ze soen: Leck mech dach am A***. Wann ee vun engem Typ ugemaach gëtt deen ee wierklech net gutt fënnt, da kann een deen heite Sproch bréngen: “Damit kannste bei mir keen Blumentopp jewinnen!” Wann eng bestëmmte Situatioun zu Problemer féiere kéint, dat heescht op berlineresch: “Det hat so seine Eier.” Wann een ze vill drénkt kennt des Berliner Weisheet: “Säufste, stirbste, säufste nich, stirbste ooch, also säufste!" Mir stierwen all iergendwann, di eng méi frei, di aner méi spéit. Wann et Berliner schlecht ass, z.B. well se een ze vill gedronk hunn, da kléngen se scho bal witzeg: “Mir is janz blümerant!” Wann een am Wanter an e Boutique geet an d'Dier net hannert sech zoumécht da gëtt een ugebläert mat: “Bist wohl in de S-Bahn jebor´n?!” Ups sorry... E gléckleche Berliner bei deem grad alles gutt leeft seet gären: “Janz Berlin is eene Wolke!” Dee Sproch hunn ech a 5 Joer allerdéngs nach ni héieren! A wann een des Spréch dann och nach reegelméisseg vu Leit iwwer 70 héiert, klengt et duebel esou sweet! "Berlin, ick liebe dir!"