Wat genau ass ''Sexting'', wat sinn d'Risiken, wéi kann ee sech schützen a wat kann een als Affer dogéint maachen?.

Lauschtert eran

Ënner ''Sexting'' versteet een d'Verschécken an den Austausch vun intimen Noriichten, respektiv selwer produzéiert Videoen a Fotoen. An enger neier Broschür gëtt genau dat thematiséiert.

Fir vill Leit ass et mëttlerweil en Deel vum Alldag ginn. Wann esou plakeg Fotoen an dem Ëmlaf kommen, ass dat fir dee betraffenen eng enorm psychesch Belaaschtung. Esou de Claude Meisch, Minister fir Bildung, Kanner a Jugend.

Ass een elo vun esou eppes Affer ginn, soll ee wëssen, dass een net eleng do steet. Donieft gëtt an der Broschür erkläert wat genau Sexting ass a wéi déi rechtlech Lag ass, et gëtt een op d'Risike vum Sexting opmierksam gemaach a kritt genau beschriwwe wéi ee sech wou ka mellen, fir Berodung an Hëllef ze kréien a wéi déi Betraffe séier handele kënnen.

Déi Sensibilisatiouns-Campagne huet 4 grouss Pilieren:

1. Sensibilisatioun
2. Hëllef a Berodung
3. Meldung vun illegale Contenuen
4. Suivi vun neien Tendenzen

Dee Guide soll net just elo kuerzzäiteg hëllefen, mee op laang Dauer, esou de Steve Goedert vum Service de prévention région capitale