Am Alldag brauche mir ganz vill Saachen déi fir eis am Fong selbstverständlech, awer net ëmmer esou ëmweltfrëndlech sinn. Hei e puer nohalteg Alternativen:

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Versuerge vu Liewensmëttel

Ganz gäre gi Schmieren oder Iessensreschter a Sëlwerpabeier agewéckelt. Nom Gebrauch lant d’Metall, dat mat ganz vill Energie-Opwand produzéiert gëtt, dann awer direkt an der Dreckskëscht. Donieft soll d’Folie aus Aluminium och net ganz gesond sinn. Virun allem wa se a Kontakt mat ganz sauere Liewensmëttel kënnt, gëtt hir nogesot, datt si Nervenerkrankungen ausléise kann a kriibserreegend wier. Dobäi sinn d’Alternativen zum Sëlwerpabeier ganz simpel an op d’mannst genee esou praktesch: Lagert är Liewensmëttel einfach a Lunchboxen aus Inox oder Glas, déi dir ëmmer erëm op en Neits gebrauche kënnt.
Fir och déi ëmweltschiedlech Frischhaltefolie, déi am Fong aus Äerdueleg hiergestallt gëtt, aus dem Haus ze kréien, kënnt dir zudeem nohaltege Wuesspabeier benotzen. Dat kann een esouguer och ganz einfach selwer maachen:

Thema Pabeier

Besonnesch wa Leit op Besuch kommen gräift een dacks op Zerwéiten aus Pabeier zeréck. Et gëtt se an alle Formen, Faarwen an och Motiver ginn et der ze frecks. Nom Iesse sinn se da ganz séier entsuergt. Besser wier et awer, wann dir iech Zerwéiten aus Stoff zouleet an iech domat de Mond ofbotzt. Duerch de Fait, datt een déi ëmmer erëm gebrauche kann, produzéiert een nämlech manner Dreck an et schount een de Portefeuille. Dat selwecht gëlt fir de Kichepabeier. Och wann en esou fuerchtbar praktesch ass, lant och deen direkt nom Gebrauch am Dreckseemer. A wann een emol bësse méi genee driwwer nodenkt: Esou wierklech néideg ass d’Produktioun vun den Däiwelsrullen am Fong net, grad esou gutt kann een nämlech einfach Kichendicher aus Kotteng huelen.

Botzmëttel

Scho wann een déi vill faarweg Warnzeechen op de Fläsche liest, gëtt engem kloer ewéi gëfteg an ewéi ëmweltschiedlech déi chemesch Botzmëttele sinn déi mir esou kennen. Och hei gëtt et also Zäit eis iwwert Alternative Gedanken ze maachen. Engersäits kritt een hautdesdaags ganz vill ökologesch Produiten ze kafen, anerersäits kritt een d’Haus och mat ganz villen Hausmëttele propper. Esseg oder Zitrounejus sinn zum Beispill gutt géint Kallek, mat Kaffissaz kënnt dir är Dëppen a Panen erëm op Héichglanz bréngen an och Wodka ass eng richteg Botz-Wonnerwaff fir den Haushalt. Fir dee richtege Sound beim botzen:

Dir denkt iech elo vläicht: Dat ännert souwisou net vill wann ech doheem Sëlwerpabeier a co. duerch ëmweltfrëndlech Alternativen ersetzen. Wa jiddereen awer emol do ufänkt wou e kann, dann ass och scho ganz vill gemaach!