© Unsplash
Kappkino beim Geschlechtsverkéier ass net just normal, et ass och vu Virdeel an enger Partnerschaft…
Wärend dem Sex mam Partner un eng aner Persoun ze denken, héiert sech fir d’éischt emol falsch un. Ma eigentlech ass et dat bescht wat ee maache kann, dat behaapten op alle Fall eng sëlleg Etüde vu Fuerscher a Sexologen. Virun allem fir Männer a Fraen, déi sech schwéier doen eng Erektioun respektiv en Orgasmus ze kréien, ass de Kappkino e ganz wichtegt Element virun / wärend dem Geschlechtsverkéier. U wien oder wat een denkt ass do eigentlech egal, sief et e Star, eng Pornozeen oder e Friemen, mat deem een e kuerze Bléckkontakt op der Strooss hat. Et wär einfach sënnvoll un eng Persoun oder eng Situatioun ze denken, déi een unturned.
De sprangende Punkt ass hei och net, dass een esou gutt wéi méiglech probéiert sech de Partner fort ze denke mee dass een einfach senge Gedanke fräie Laf léisst a sech et erlaabt ze fantaséieren. Dat hëlt den Drock a verhëlleft engem d'Intimitéit ganz ongezwongen ze genéissen. Op laang Siicht gesinn, verbessert de Kappkino also ärt Sex-Liewen an hëlleft deemno och der Bezéiung.
Réng sexuell Gedanken, déi wärend dem Geschlechtsverkéier mol opkommen sinn also komplett ok, bei Gefiller sollten awer d’Alarmklacken ugoen. Denkt ee beim Sex intensiv an dacks un en Ex-Partner oder un eng aner Persoun, déi ee kennt, gëllt et opzepassen. Dat bedeit natierlech näischt Guddes fir déi aktuell Bezéiung.
Wie sech elo freet op een dem Partner vum "Friemdenken" erziele muss: Loosst et léiwer si falls et deen anere veronsécheren oder blesséiere kéint. Genéisst et einfach ouni deem aneren et op d’Nues ze bannen. Wie weess ob een de Partner domat ënner Drock setzt an da war et dat mam "sech net ze vill Gedanke maachen". Wann de Kappkino allerdéngs déi eenzeg Méiglechkeet ass fir mam Partner zum Orgasmus ze kommen, da misst een et villäicht awer uschwätzen. Kommunikatioun ass och (a grad) an deem Beräich ni verkéiert. Wie sech net gutt dobäi fillt un anerer ze denken ouni, dass de Partner dovu weess oder am Mëttelpunkt vun der Stimulatioun am Kapp ass, kann natierlech och eng gemeinsam Fantasie entwéckelen.
Iwwregens egal u wien der wärenddeem mol denkt, am beschten net ze verbal ginn. Ob Kappkino elo harmlos ass oder net, wärend Intimitéiten engem anere säin Numm, wéi dem Partner säin ze ruffen, kënnt seele gutt un...