Wéi siche mer eis eise Partner? Eng Fro op déi et, wéi et schéngt, méi wéi eng Äntwert gëtt.

Lauschtert eran

All Dëppe fënnt säin Deckel, esou oder esou änlech kléngt de Saz deen een am Bezuch op de Choix vum Partner schonn op mannst eng Kéier héieren huet. Huet een da bis säin Dëppen oder Deckel fonnt, mécht ee sech weiderhi keng Gedanke méi doriwwer wéi dat dann elo zu stane komm ass, respektiv wisou ee sech elo grad fir dee Mënsch decidéiert huet.

Eng Fro déi eigentlech gutt gestallt ass an zwar wisou grad hien oder hat? Et ginn nämlech vill Grënn wisou mer eis fir e Partner decidéieren. E bekannten Usaz ass zum Beispill ''gleich gesellt sich gern''. Dat ënnersträichen esouguer vill Psychologen an dat mat der Behaaptung Bezéiunge wäre méi konfliktfräi an halen esou méi laang. Virun allem da wa béid Säiten änlech Liewensastellungen hunn.

Eng weider Theorie ass déi vum Schweess, fir genau ze sinn déi vum Androstenol an Androstenon. 2 Stoffer déi am Achselschweess vum Mann virkommen. Bakterië stellen dëst hier andeems se d'Geschlechtshormon Testosteron ofbauen. Verschidden Experimenter hu scho gewisen, dass Fraen déi Androstenol ze riche kruten, Männer als sexuell attraktiv beschreiwen, wärend Androstenon de Contraire bewierkt.

En Gros kann een awer behaapten, dass d'Fro, wisou ee sech grad fir ee bestëmmte Mënsch decidéiert huet, ni richteg ka beäntwert ginn. Ze vill Facteure spillen do eng Roll a virun allem well all Mënsch an deene Saache verschidden tickt, ass et ëmsou méi schwéier eng objektiv Äntwert op déi Fro ze fannen.