© dpa/AFP/Archiv/Bodo Marks
Hat Dir schonn eemol d’Gefill, éiweg weider lafen ze kënnen? Da waart der wuel am sougenannte „Runner’s High“. Wéi kann een dat Gefill erreechen?
Wat ass de Runner’s High?
Beim Runner’s High handelt et sech ëm een euphorescht Gefill, dat sech beim lafen astelle kann an no deem verschidde Sportler carrement süchteg sinn. D’Lafe fillt sech wéi schwiewen un an et mengt een, endlos laang weider lafen ze kënnen. Dëst Gefill stellt sech meeschtens eréischt no enger Stonn Training an, awer och bei kuerzen, intensiven Eenheeten kann et dozou kommen.
Firwat a wéi de Runner’s High am Kierper entsteet, ass nach ëmmer net definitive erfuerscht. De Kierper produzéiert beim Lafen net just Endorphiner, mee och aner Hormoner, déi alleguer dem Opium ganz änlech sinn. Kuerz gesot: De Kierper berauscht sech un Drogen, déi e selwer produzéiert.
Wéi erreechen ech de Runner’s High?
Wierklech garantéieren kann een d’Produktioun vu Gléckshormoner net, awer et ginn e puer Tricks, wéi een de Runner’s High provozéiere kann:- Di richteg Trainingsunitéit: Experte recommandéieren, sech als éischt 10 Minutten lues waarm ze lafen, dann 7 Mol eng Minutt séier, awer kontrolléiert lafen- an dotëscht zwou Minutten lues lafen fir sech z’erhuelen. Zum Schluss nach mol 5 Minutten lues lafen
- Gedold hunn:heiansdo huet een Deeg, do falen engem di éischt 30, 40 Minutte beim Lafen richteg schwéier an eréischt dono fänkt een un sech gutt ze spieren. Just well di éischt Hallschent vun engem laf schwéier fält, heescht dat net dass een ophale soll.
- Mat Musek nohëllefen: Musek kann dobäi hëllefen, beim Lafen an ee gläichméissege Rhythmus ze fannen. Ideal ass et, wann de Beat vun der Musek bei d’Schrëttfrequenz passt.
- Di passend Streck wielen: Ee Runner's High kann een an der Stad geneesou gutt erliewe wéi um Land, am Bësch oder an de Bierger. Matten an der Natur ass d‘Chance allerdéngs méi grouss. Laang Pause bei roude Luuchten an Autoen op déi ee permanent oppasse muss, kënnen ee séier aus dem Trance-Zoustand bréngen.
Wéi een méiglechst séier ee Runner’s High erreecht ass um Enn vu Mënsch zu Mënsch verschidden. Deenen enge Leit hëlleft Musek, anerer brauchen eng schéi Géigend , an anerer d’Gesellschaft vun anere Leefer. Vill Facteure spillen eng Roll - am beschte probéiert dat selwer aus.