© Unsplash
De Lockdown ass net nëmme fir eis ustrengend, mee och fir eis Hausdéieren. Kazen zum Beispill si genee wéi mir, net wierklech frou mat der Situatioun.
Duerch de Lockdown kënnt een net méi oft genuch virun d'Dier, et ass ee gefaangen an den eegene 4 Wänn. Glécklecherweis huet een dann nach säin Hausdéier mat deem ee spillen a schwätze kann, da fillt ee sech och net esou eleng. Kazen, Hënn a Co kréien esou vill Opmierksamkeet wéi nach ni, mee fir e puer Déieren ass dat ze fill dës Gudden.
Esou zum Beispill Kazen. Eng Déierendoktesch aus Paräis erkläert datt Kazen, ganz besonnesch "Indoor Kazen" säit dem 1. Lockdown méi aggressiv gi sinn an net ophalen hier Besëtzer an d'Miwwel unzegräifen. Et wier esouguer sou schlëmm dass e puer Leit hier Kaz aschléifere wollten, dat well se si einfach net méi Meeschter gi sinn.
De Grond fir d'Aggressiounen ass ganz einfach - d'Kaz huet d'Nues voll als mënschlechen Unhängsel a wëll seng Rou! Natierlech stëmmt dat net fir all Kaz, dat hänkt vum Charakter of - verschiddener si méi sozial, anerer alt net. Genee wéi mir, ass och d'Kaz net grad zefridde mat der momentaner Situatioun an och net frou datt se hire Rhythmus ännere muss. Dat suergt fir Stress, doduerch ka se den Interessi um Ëmfeld verléieren. Dat eenzegt wat se dann nach mécht ass schlofen a friessen.
Fir dat ze verhënnere soll ee probéieren der Kaz en Tapéitewiessel ze bidden, vläicht och e puer nei Spillsaache kafen oder esouguer eng Léngt organiséiere fir mat hier ze spadséieren.