Net jidderee geet einfach domat ëm. Ma wat fir jiddereen identesch ass sinn d'Phasen déi een duerchleeft.

Lauschtert eran

Wann ee laang mat engem Mënsch zesummen ass, da fänkt een iergendwann un dee Gedanken ze kréien, dass een ouni dee jéineschen sech d’Liewen net mi kéint virstellen. Alles ass perfekt, bis bemol de Saz kënnt: Ech maache Schluss.

Eng Welt brécht zesummen an et weess een net méi wou engem de Kapp steet. Eigentlech verlafen déi Deeg no enger Trennung bei jidderengem d’nämmlecht. Anescht ausgedréckt a véier verschiddene Phasen, esou d'Psychologin Dr. Doris Wolf géigeniwwer vun SWR3.

Phas 1

Et wëll een d’Situatioun net akzeptéieren an et verfält ee quasi an ee Schockzoustand. De Kapp seet, dass dat elo déi nei Realitéit ass, ma dat eegent Gefill wëll dat awer net acceptéieren. Hei hëlleft et all Géigestand deen un d’Bezéiung erënnert wech ze paken.

Phas 2

Do realiséiert een, dass de Partner tatsächlech fort ass an ass domat och dee schwieregste Moment, esou Dr. Wolf. Do leit e richteg an et villt ee sech eleng gelooss, verzweiwelt an uewen drop ploen een nach Scholdgefiller. Wéineg Appetit, Schlofstéierunge sinn hei d’Reaktioune vun eis op dee Schock. En Tipp hei wier den Dag ze strukturéieren a sech ze beschäftegen.

Phas 3

Ongeféier ee ganzt Joer dauert et bis een déi éischt 2 Phasen iwwerwonnen huet. An der drëtter Phas geet dann d’Neiorientéierung un a geet lues a lues biergop.

Phas 4

Eréischt wann een novollzéie kann, wisou d’Trennung komm ass kënnt dat neit Gläichgewiicht an et ass ee wierklech bereet fir en neie Partner. En gros dauert dat bei deene meeschte Mënschen tëscht zwee a véier Joer woubäi och dat bei jidderengem anescht ass.