© Pixabay
Och wann se op den éischte Bléck schudderen ausléisen, sinn et Déieren déi nawell eng drop hunn.
Wann een doheem an den eegene véier Wänn eppes um Buedem krabbele gesäit, dann denkt een dacks direkt un eng Spann. Ma wat wier wann dat awer elo eng Kakerlak wier. Schonn eleng de Gedanken dorunner léisst bei ville Leit Eekel aus. Ma och wann dat net grad déi schéinsten Déiere sinn, sinn se awer extrem faszinant.
Et gëtt jo gemunkelt, dass déi Déieren esouguer en Atomkrich iwwerliewe géifen, ma dat ass allerdéngs net just e Mythos. Et sinn nämlech déi widderstandsfäeg Déieren op dësem Planéit a verkraafte radioaktiv Strale besser wéi mer Mënschen. Hiere Chitinpanzer kann eng zéng mol méi héich Stralendosis aushale wéi mer. Als Beispill hätten d’Kakerlaken d’Atombomme vun Hiroshima an Nagasaki kéinten iwwerliewen.
Bei eise modernen Atomwaffen ass dat awer e bëssen anescht. Déi hunn nämlech eng vill méi grouss Zerstéierungskraaft. Bei engem globalen Atomkrich géifen also och d’Kakerlaken dobäi hiert Liewe loossen. Dat ännert awer näischt dorunner, dass déi Déiere faszinant sinn.
Dat aktuell eenzegt Liewewiesen, dat eng global Atomkatastroph iwwerliewe kéint, ass d’Bakterie Deinococcus radiodurans. Dëst klengt Liewewiese kann esouguer di 1500-Fach Dosis u radioaktiver Stralung iwwerliewen.