Wee Planzen an der Wunneng huet, iwwersteet d’Pandemie besser wéi Leit ouni Planzen. Dat weisen Donnée’en aus dem éischte Lockdown.

Mënschen déi sech hir Wunneng mat Planzen deelen, hunn deen éischte Lockdown am Fréijoer 2020 manner belaaschtend fonnt. Dat geet aus enger Enquête vun der Uni Genua an Italien ervir.

D’Fuerscher hunn dofir 4.000 Mënschen aus 46 verschiddene Länner zu hirer Wunnsituatioun befrot an doriwwer, wéi et hinnen tëscht Mäerz a Juni 2020 ergaangen ass. Zu där Zäit hate sech di meescht Persounen wéinst der Pandemie op mannst 6 Wochen bal exklusiv doheem opgehalen. Wee keng Planzen hat, ass mat dëser Situatioun wéi et schéint méi schlecht eens ginn wéi Leit mat Planzen. Di betraffen hunn iwwer negativ Emotioune geklot a sech méi oft schlecht gefillt.

D’Zuel vun de Planzen um Balcon oder am Gaart hat dogéint keen Afloss op d’Wuelbefanne vun den Leit. Dofir hunn awer nieft der Zuel vun den Zëmmerplanzen nach aner Facteuren eng Roll gespillt. Sou huet d’Pandemie och déi Persoune méi staark belaascht, déi Familljememberen haten, déi u Covid-19 erkrankt waren. Och Leit mat  klenge Wunnengen a mat wéineg Dagesliicht hu méi gelidden. Ausserdeem hunn och Persounen, déi just seele spadséiere gaange sinn, de Lockdown méi schlecht ewech gestach.

Dass Planzen an den Openthalt an der Natur de Mënschen gutt dinn, weisen eng ganz Rei vun Etüden. Trëppeltouren duerch de Bësch erliewen an leschter Zäit souguer ee reegelrechten Hype. Enquêten no wierkt sech een Openthalt an der Natur positiv op den Häerz-Kreeslaf-, den Hormon- an den Immunsystem aus.