© Pixabay
Chipsen, Kamellen a Schockela. Déi Saache laachen ee quasi u wann een e klengen Honger kritt. Virun allem am Homeoffice ass dat awer net ideal.
Homeoffice, e Begrëff dee viru méi wéi engem Joer hei zu Lëtzebuerg nach op daf Ouere gestouss ass. Vill Patronen hu stuer un de klassesche Bürosstonne festgehalen, bis de Coronavirus komm ass a vill Employeure keen anere Choix méi haten an hier Leit hu missten an den Homeoffice setzen.
Schafft ee vun doheem aus heescht dat natierlech och, dass een Zougrëff op esou allerhand Snacks huet an och dovunner gebrauch mécht. Deen een oder anere Kilo ka sech do also un den Hëften usetzen.
Fir deene Knaschtereien aus de Féiss ze goen ass et am einfachste wann een op gesond Snacks zeréck gräift. Eng Iddi wier hei e Räiskichelchen, deen huet ongeféier tëscht 20 a 40 Kalorien a gëtt engem eben d’Gefill eppes klenges am Bauch ze hunn.
Da wier do nach dat klassescht Studentefudder. Virun allem wann een doheem am Büro ass, sinn Nëss als ''Brainfood'' perfekt. Si versuergen de Kierper net just mat gesonde Fetter a Ballaststoffer, mee och mat Vitamin-B, Kalzium, Kalium, Magnesium, Koffer an Zénk. Mat hierem héijen Undeel un Eewäiss si se ausserdeem eng richteg gutt Planzlech Proteinquell an haale laang bäi.
Net ze vergiesse sinn d’Korinten oder gedréchent Friichte wéi Figen, Dattelen, Aprikosen oder Prommen. Hei gëllt et just opzepasse well déi zimmlech vill Zocker hunn. Manner ass hei méi.
Zu gudder lescht nach dat ganz einfacht Geméis an Uebst. Wann den Honger een iwwerkënnt kënnt ass eng Banann ideal. Och eng geschnidde Paprika oder Wuerzel kann hei e richteg gudde Snack sinn.
Geheimtipp
Wien eng Erfrëschung brauch an no enger Glace gladdert, dee soll e puer Drauwen an den Tifküler leeën. Si se gefruer, schmaache se wéi eng Äisglace.