© Eldoradio
Wéinst der Corona-Pandemie sinn déi meescht vun eis net sou gutt gelaunt. Dobäi kënnt nach, dass een d’Gefill huet, dass et dobaussen Dauer-Däischter ass.
Gouf et am Januar lo wierklech sou wéineg Sonn, wéi eis dat virkënnt?
Mir hu bei Meteolux nogefrot.
Lauschtert hei d'Reportage:
An Däitschland mol war de Januar esou däischter wéi nach ni. Den däitsche Wieder-Experten no goufen an Däitschland nach ni sou wéineg Sonnestonne registréiert, wéi dëst Joer, op d’mannst bis Mëtt Januar.
Sou düstert Wieder schléit natierlech op d’Gemitt. An ass och net sou gutt fir Leit mat Wanterdepressiounen.
Hei zu Lëtzebuerg ass dat mat de wéinege Sonnestonnen net grad sou schlëmm gewiescht, wéi an Däitschland.
Wéi den Adnan Ceman vu Meteolux eis sot, hat de Januar dëst Joer vum 1. bis de 25. Januar genee 30,8 Sonnestonnen. Gemooss op der Statioun um Findel.
Wann een dat elo mat der Jores-Moyenne aus de leschten 30 Joer vergläicht, da waren et ongeféier ronn 20 Stonne manner.
De Previsiounen no wäerte bis Enn Januar nach maximal 1 bis 3 Sonnestonnen dobäikommen.
Ganz düster war de Januar also net, mee immens hell awer och net. Den absolutte Rekord ass iwwregens am Januar 1980 gemooss ginn mat just 12,5 Sonnestonnen.