Krankheete ginn et op d'mannst schonn esou laang wéi et Mënsche ginn! Och am Mëttelalter gouf et Pandemien, mee wéi goufen déi deemools gemanaged?

Lauschter hei!

D'Pescht war déi geféierlechste Seuch an der Geschicht vun der Mënschheet. Vum 14 Joerhonnert u sinn an Europa méi ewéi 20 Millioune Leit doru gestuerwen. Am 16. Joerhonnert huet dunn en italieneschen Dokter e Bichelche mat Mesurë verfaasst. D'Buch ëmfaasst am Ganze 57 Reegelen, déi hëllefe sollen d'Seuch ze bekämpfen. Mee wéi valabel sinn déi hautdesdaags?

Genee ewéi haut och ware vill Leit net glécklech mat de Reegelen a wollten den Dokter esouguer hänke gesinn. Eréischt nodeems vill méi Leit dru gestuerwe sinn an de gudde Mann d'Ënnerstëtzung vum Vize-Kinnek krut, konnten d'Mesuren duerchgesat ginn.

Verschidde Reglementer si guer net esou ënnerschiddlech vun den heitege Mesuren. Esou gouf d'Stad zum Beispill komplett ofgespaart - Händler a Reesender hate keen Zougang méi. Et gouf e Versammlungs-Verbuet, eng Quarantaine fir déi Krank a just eng Persoun pro Stot huet dierfen d'Haus verloosse fir zum Beispill Akeef ze maachen. Elo kënnt awer dat Bescht: Jiddereen huet missen e Bengel dobäi hunn, deen exakt 2 Meter laang war. Dat sollt et méi einfach maachen den Ofstand ze halen; och elo wier dat dach zimmlech praktesch, oder?

Wann een d'Reegel-Buch haut esou liest, sinn do awer och eng ganz Parti Mesurë mat dobäi, bei deenen ee sech denkt: What the fuck?! Esou huet een zum Beispill seng bëlleg Miwwele misse verbrennen, firwat och ëmmer, reegelméisseg bieden a faaschten. Fir d'Qualitéit vun der Loft anscheinend ze verbesseren, hunn d'Kiercheklacke reegelméisseg misse gelaut ginn an et gouf déi eng oder aner Kanounekugel ofgeschoss. Deemools huet een nämlech ugeholl, datt déi schlecht Loft den Haaptgrond fir d'Pescht-Pandemie war. Haut wësse mir awer, datt et virun allem d'Schold vun de Raten an hiere Fléi war. Réckbléckend war et dann och net wierklech clever, datt Kazen a Schnuddelhénger an d'Mier geheit goufen, stoung awer esou am Reegel-Buch...