Ob Päerd, Kaz, Hond oder Hamster, all Déier huet iergendwou nach seng Instinkter gespäichert. Beim Mupp gesäit een et esouguer am Alldag.

Lauschtert eran

Jidderee vun iech deen en Hond doheem huet, deem ass sécher scho mol déi eng oder aner Naup um Déier opgefall. Net nëmme mir Mënschen hunn heiansdo en Tick am Sender, mee och eis Hausdéieren.

Ma bei den Hënn ass et elo esou, dass do quasi all Mupp dat nämmlecht Ritual huet. Passt mol eng Kéier genau drop op wat äre Hond mécht iert e sech a säi Kuerf leet. Et geet net duer sech einfach just dran ze leeë mee virdrun dréint e sech meeschtens nach eng Kéier a leet sech dann eréischt.

Dat ass eigentlech keng Naup mee rengen Instinkt vum Déier, spréch en iwwerbleibsel aus fréieren Zäiten. Fréier, wéi d'Hënn nach nach an der fräier Natur gelieft hunn a sech nuets hier Schlofplaz misste sichen, hunn se dat héicht Gras a Straicher misste platt trëppele fir bequem kënnen ze schlofen. Donieft war dat quasi och e Message un aner Déieren, e Message dee kloer gemaach huet, dass déi Plaz quasi reservéiert ass. En Hond huet nämlech Drüsen un de Patten, mat deenen se hiren Doft ofginn.

Ma dat ass awer net deen eenzege Grond. Andeems den Hond seng Plaz fir ze schlofe platt trëppelt, gëtt klengt Gedéiesch. Wéi zum Beispill Insekten oder esouguer Schlaange verdriwwen. Gläichzäiteg kann de Mupp an all Richtung schnoffele fir sécher ze goen, dass néierens eng weider Gefor lauert.

Och wann et dee beschte Frënd vum Mënsch ass, muss ee sech ëmmer am Hannerkapp halen, dass en Hond och iergendwann eng Kéier e wëllt Déier war an déi Instinkter nach ëmmer iergendwou a sech huet.