Wien op Plastik verzichte wëll, fënnt do och beim Shampoing ëmmer méi Produiten. Mee wéi een se richteg notzt, a wat se bréngen, soe mer Iech hei:

Eppes fir d'Ëmwelt maache kann een och beim Hoer-Wäschen. Wien op Plastik wëll verzichten, an och seng Hoer ouni Silikon wëll wäschen, kann emol feste Shampoing testen. Mee wéi leet ee sech do am Beschten un, a wat bréngt en den Hoer?

Eemol ass feste Shampoing net groussaarteg anescht wéi flëssegen. De gréissten Ënnerscheet, läit bei der Zesummesetzung. Beim feste Shampoing ass d'Waasser erausgezu ginn. Doduerch gëtt en net nëmme fest, mee et kann een d'Hoer och méi dacks wäsche mat engem Stéck. Dann huet een och keng Verpackung méi. Also virun allem kee Plastik.

Lauschtert hei eran!

Wéi ass et da mam wäschen? Ma et muss ee sech e bëssen anescht uleeën. D'Hoer musse gutt naass sinn fir unzefänken. Fir de Shampoing zum schaimen ze bréngen, muss een d'Stéck Shampoing gutt an der Hand reiwen, an de Schaum dann an den Hoer verdeelen. Also esou wéi een et eigentlech och vum Stéck Seef gewinnt ass fir sech ze wäschen.

Fir de Shampoing ze halen, leet een et am Beschten an eng Seefeschuel déi Lächer oder Rillen huet. Soss bleift de Shampoing gären op der Plättche pechen. Een anere Virdeel vum feste Shampoing: e kann net auslafen! A wann der an d'Vakanz gitt, dierf dësen och ouni Problem mat an d'Handgepäck. An en hëlt souwuel op Reesen wéi och am Sportskuerf bal kleng Plaz ewech!