Déi eng gi gutt mat der aktuelle Situatioun eens an anerer net. Fir mat der psychescher Belaaschtung fäerdeg ze ginn gräift een dacks zu Snacks.

Lauschtert eran

Jiddereen deen eng Persoun ass déi mol gären an d'Chips-Tut fält, huet sécher gemierkt, dass dat Verhale säit der Pandemie nach méi hefteg ginn ass.

Mam Saz '' Eng mysteriéis Longekrankheet aus China'' ass den Albdram lassgaangen. Aus dem onbekannte Virus aus Wuhan ass bemol eng Endemie, dunn Epidemie a bemol eng Pandemie ginn, déi déi ganz Welt fest am Grëff huet.

Aschränkungen hunn net laang op sech gewaart, vum Lockdown iwwert d'Ausgangsspär hu mer schonn alles matgemaach. De Problem ass elo hei, dass natierlech vill Leit och op psychologescher Basis domat ze kämpfen hunn. Sech selwer isoléieren an dat scho säit lescht Joer Mäerz, féiert mol gären zum Festiessen.

Et ass jo kee Geheimnis wann ee seet, dass een duerch Stress, Frust a Langweil ufänkt Schockela oder soss Snacks zou sech ze huelen. Ma genau déi dräi Zoustänn hunn d'Joer 2020 an den Ufank vun 2021 bis elo gepräägt. D'Pandemie mécht d'Snacken nach méi zu enger Normalitéit. D'Mëttegiesse gëtt also och mol heiansdo duerch Naschlereien ersetzt. Dobäi kënnt dann och nach Bequeemlechkeet. Dacks hëlt ee sech mol keng Zäit méi fir säi Büro am Homeoffice ze verloossen an an d'Kichen iessen ze goen, mee et hëlt ee sech seng Snacks einfach mat an de Büro.

En Tipp fir genau der Saach aus de Féiss ze kommen ass sech doheem Saache virzekachen. Esouguer wann ee Loscht huet ze Snacken, gräift een éischter zu senge preparéiertem Iessen zeréck. Eng Method ass hei awer nach méi einfach. Kaaft iech einfach keng Kamellen, Schockela oder Chipsen. Ass nämlech näischt am Haus, kënnt der och näischt dovunner iessen.