© Eldoradio
An de Medie ginn d’USA a leschter Zäit als zimmlech chaotesch duergestallt: problematesch COVID Zuelen, den Duercherneen wat d’Presidentschaftswal ugeet,..
Zanter dem Ausbroch vun der Covid-Pandemie sinn d’USA an den europäesche Medie primär bekannt duerch e chaoteschen Ex-President a säin onfavorabelen Ëmgang mat der Pandemie, Areesspären, Protester souwéi héich Covid-19-Doudeszuelen.
Dowéinst gouf mir vu villen dovunner ofgeroden, mäin Auslandssemester hei an den USA unzetrieden. Virwëtzeg iwwert den Alldag an d’Studenteliewen hannert den dramateschen Nouvellen hunn ech mech trotzdeem derfir decidéiert.
Zwee Deeg no menger roueger Urees un eidele Flughäfe koum den héich antizipéierten 20. Januar – den Dag un dem den Joe Biden als neie President inauguréiert gouf. Net anescht wéi déi Deeg virdru war och dee Mëttwoch gepräägt vu rouege Stroossen an enger entspaanter Stëmmung bei de Leit, mat deenen ech geschwat hunn.
Och a punkto Corona ënnerscheet sech d’Realitéit vum Alldag drastesch vun dem Bild, dat an den europäesche Medie verbreet gëtt. Hei am Wisconsin, zum Beispill, liewen d’Leit an d’Studenten e regulären Alldag: se ginn akafen, schaffen, a gi béid virtuell an en personne ob d’Uni – just ebe mat Mask, Ofstand a reduzéierte Kapazitéiten: genee wéi zu Lëtzebuerg.
Och wann d’Zuele vun den Neiinfektioune pro Dag an den USA dramatesch sinn, kann een d’Situatioun am ganze Land trotzdeem net an enger Headline akkurat resuméieren. D’7-Deeg-Inzidenz hei am Milwaukee, zum Beispill, läit de Moment bei 32 Neiinfektiounen op 100.000 Awunner (Source: New York Times, Stand 27. Januar 2021) – e Wäert deen europawäit als wënschenswäert ugesi gëtt.
Vun der Hektik aus den Headlines déi een an Europa iwwert d’USA liest, kritt een hei a sengem alldeegleche Liewen also kaum eppes mat.
Et dierf net vergiess ginn, dass d’USA änlech grouss ass wéi den europäesche Kontinent, a soumat och deementspriechend divers a schwéier ze generaliséieren ass. An dësem Sënn sollt een net nëmmen a punkto Medien, mee och am Allgemengen sech ëmmer kritesch ausernee setze mat den Informatiounen déi engem presentéiert ginn.