© Unsplash
Duerch d'Pandemie si mir ëmmer méi gestresst. En Ausgläich ze fannen ass wierklech schwéier. Mee et gi gesond Méiglechkeete mam Stress ëmzegoen.
Stress ass net onbedéngt schlecht. Zum Beispill déngt en als Motivatioun fir méi effizient ze schaffen an hält eis aktiv. De Problem ass awer: Ze vill Stress ouni Ausgläich! Op laang Dauer kann ze vill Stress nämlech zu Angschtzoustänn, Appetitlosegkeet, Konzentratiouns- a Schlofproblemer a ganz ville weidere Problemer féieren.
Wéi also géint de Stress virgoen?
Ganz einfach: Eng Paus maachen! Net nëmme vum Schaffen, mee och vun de Soziale Medien a vum Smartphone. Mir liewen an engem Zäitalter an deem den Drock, stänneg erreechbar an informéiert ze sinn, enorm grouss ass. Dat geet un d'Nerven a kascht Energie! Esou kann een sech selwer zum Beispill virhuelen no 20:00 Auer net méi um Smartphone ze hänken. Alternativ kann ee jo e Buch liesen. Dat mécht et nämlech méi einfach fir anzeschlofen a suergt automatesch fir e méi erhuelsame Schlof.
Des Weideren hëlleft Beweegung. Sport ass nämlech perfekt fir Stress an iwwerschësseg Energie ofzebauen. Natierlech am beschten dobaussen un där frëscher Loft. Wie kee Frënd vu Sport ass, dee ka "Forest bathing" ausprobéieren. Dat ass en Trend aus Japan bei deem et drëms geet an der Natur ze entspanen an einfach d'Atmosphär opzehuelen. Am beschten och do ouni Handy, dann héiert een nämlech d'Villercher vill besser.
A ganz wichteg zum Schluss: Zäit fir sech selwer huelen. Déi kann een notze fir d'Faktoren ze identifizéieren déi fir Stress suergen. Wann ee bis weess wat de Problem ass, kann een och geziilt doru schaffen. Soss kann een d'Zäit och notze fir senge léifsten Hobbyen nozegoen, well och dobäi kann ee sech gutt entspanen.