© AFP/Archiv/Ina FASSBENDER
D'Chambre des Salariés huet sech am Detail mam Télétravail beschäftegt. A ville Betriber ass den Home Office jo schonn zanter Méint obligatoresch.
Wéi aus dem "Quality of Work Index" vun der Chambre des Salariés ervir geet, waren d’Hallschent vun de Salarié’en hei zu Lëtzebuerg zejoert vum Télétravail betraff. Een intressanten Detail dobäi : 57% vun hinnen hate virdrun nach ni vun doheem aus geschafft.
An der Analyse goufen awer och grouss Ënnerscheeder festgestallt. Sou hu verschidden Beruffer quasi guer net vum Télétravail profitéiert- wéi de Commerce, d‘Industrie, oder d‘Handwierk. Am Home Office ware vrun allem Employéen am administrative Beräich, am Finanzsecteur, an an den Assurancen, ausserdeem intellektuell a wëssenschaftlech Beruffer.
Wéi gouf den Télétravail vun de Betraffenen erlieft?
¾ vun de Befroten sinn der Meenung, dass si technesch gutt equipéiert sinn fir vun doheem aus ze schaffen. Di meescht Leit sinn och der Meenung, dass den Télétravail hirer Produktivitéit net schuet.
Negativ a positiv Säiten vum Télétravail
Leit am Home Office dogéint kloen allerdéngs méi oft iwwer mental Problemer, iwwer Isoléierung an iwwer Konflikter tëscht privatem a Beruffsliewen. Als positiv gesinn d’Leit, dass si am Home Office méi Autonomie a méi Flexibilitéit hunn.
20% wëllen no der Kris keen Homeoffice méi maachen
D’Zefriddenheet mam Home Office hänkt allgemeng staark vum Beruff, vum Secteur an vun der Funktioun of. 80% vun de Befroten wëllen och no der Kris zum Deel am Home Office schaffen. Fir 20% dogéint kënnt dat net a Fro.
Net an eng Depressioun falen
Et läit deemno un all Mënsch, fir sech perséinlech dee richtegen Equiliber ze fannen- zesumme mat sengem Employeur. Well d’Enquête weist och, dass di emotional Gesondheet sech am Home Office sech verschlechtert huet an de Risk an eng Depressioun ze falen, méi héich ginn ass. D’Leit sinn net all d’selwecht virum Télétravail. Mee fir si all huet den Home Office Konsequenzen- positiver oder negativer.