© Unsplash
Egal wou dir schafft, et gi Charakteren, déi fanne sech op all Aarbecht erëm…
Wann ee moies an de Büro kënnt ass et heiansdo wéi wann een an eng Parallelwelt géif andauchen. Wärend ee sech an der Fräizäit eraussiche ka mat wéi enge Leit e seng Zäit verbréngt, esou muss een op der Aarbecht acceptéieren, dass een einfach vun den ënnerschiddlechste Charakteren am Büro ëmginn ass. Ma egal wou een ugestallt ass, et gi Bürostypen, déi fanne sech iwwerall erëm, souguer da wann een net an engem Büro schafft.
De Kaffi-Junkie
Kaffi steet iwwer allem. Kaffi ass seng Passioun, säin Hobby a virun allem säi permanente Compagnon. Dës Persoun huet gefillt ëmmer eng Kaffistaass am Grapp oder ass um Wee fir sech e Kaffi sichen ze goen, am beschten en dräifachen. Ass d’Kaffismaschinn futti, ass dëse Charakter net ze erdroen, bréngt sech seng eege mat oder verabschid sech einfach an de Congé. Säi Liblingssaz: "Wëll nach een e Kaffi?"
Den Eenzelgänger
Wien ass dat scho méi? Genee dat froe sech d’Kolleegen, well den Eenzelgänger fält ne top. Hie vermeit Gespréicher, déi iwwer berufflech Saachen erausginn, huet am léifste seng Kopfhörer u fir mat kengem mussen ze schwätzen a schläicht heiansdo an d’Kitchenette, natierlech just wann déi net ze voll ass.
Säi Liblingssaz: / (Am léifste schwätzt e guer net!)
De Chaot
Fir kloer ze stellen: De Chaot ass net onorganiséiert an alle Beräicher. Dës Persoun ass villäicht organiséiert a punkto Aarbecht an erleedegt alles wéi geplangt, ma de Büro ass e Chaos-Mekka. Hei sammele sech Bicker, Tasen, Snacks an d’Blieder fléie ronderëm. Säi Liblingssaz: ""Wou hunn ech dat lo rëm vertässelt".
De Stressert
Elo mol eng Paus, dat ass e Saz, deen ee vun dëser Persoun net kennt. Roueg an ausgeglach si Charakterzich, déi him friem sinn. Hien ass beschäftegt, Stress ass säin Alldag an Small Talk ass Zäitverschwendung. Säi Liblingssaz "sorry keng Zäit".
De Schläimer
Halt léiwer Ofstand soss rutscht der op senger Spuer aus. Beim Chef gëtt geschläimt, bei de Kolleege gelästert. Haaptsaach domat léisst sech déi eege Karriär virundreiwen. Säit Liblingswuert bei de Kolleegen "Ech", säi Liblingswuert beim Chef: "Jo".
De Bürosclown
Ëmmer um gecksen, kritt de Mond net zou a kéint de ganze Büro eleng ënnerhalen: Dat ass de Bürosclown. Natierlech kann dëse Charakter dozou neigen d’Kolleegen och mol ze nerven oder vum Schaffen ofzehalen, ma eigentlech deet en der Atmosphär richteg gutt a bréngt eng Liichtegkeet an d’Ekipp eran. Säi Liblingssaz: hahahahahaa...