© Pixabay
Heiansdo iwwert säin eegene Schied sprange deet engem gutt. Ma wat bewierkt et eigentlech?
Fir en neit Joer huele sech ganz vill Leit gutt Virsätz. De Klassiker ass hei op Zigaretten oder Alkohol ze verzichten oder et hëlt ee sech fir méi gesond z'iessen a méi Sport ze maachen. Eigentlech ass et egal wat ee sech vir hëlt, all eenzel Challenge oder Verzicht huet eppes gemeinsam an zwar Disziplin.
Et huet een natierlech ganz einfach a séier gesot et wéilt een eng Challenge maache ma ob een et elo och wierklech duerchzitt ass eng aner Saach. Vill Leit mierken am Laf vun der Aktioun, dass et näischt fir si ass an esou nees an hiren ale Rhythmus zeréck falen.
Wann ee sech vir hëlt op eppes ze verzichten, dann ass et wichteg sech ëmmer virun Aen ze hale wisou een iwwerhaapt domat wollt ufänken. E Gedanken dee virun allem dann hëlleft wann ee mol d'Flemm kritt. Des weidere kann et hëllefen einfach mol mat enger Persoun driwwer ze schwätzen. Déi kann nämlech déi néideg Motivatioun opbréngen déi ee brauch fir net anzeknécken.
Eigentlech muss een nëmme bis an Hallschent vun der Zäit op d'Zänn bäissen, dono vergeet d'Zäit nämlech séier an de Psychologesche Virdeel huet een op senger Säit. Déi Zäit déi een nach viru sech huet ass nämlech manner laang wéi déi, déi hannert engem läit.
Kuerz viru Schluss vun der Challenge ergräift een dann nach eng Kéier den Éiergäiz. Huet een dann alles hannert sech kann dat duerchaus richteg positiv Effekter op déi eegen Zukunft hunn. Eleng de Fait ze wëssen, dass een et duerchgezunn huet, steigert d'Selbstbewosstsinn a weist engem, dass een och mol iwwert seng Grenze kann eraus goen.
Mat engem staarke Charakter, guddem wëllen a vill Disziplin ass quasi alles méiglech.